De 25ten James Bond Film sollt u sech den 31te Mäerz 2020 an de Kinoen erauskommen. Duerch déi sanitär Kris bedéngt gouf d’Sortie vu NO TIME TO DIE awer 18 Méint no hanne verréckelt. D’Waarden huet awer endlech en Enn well de längste Bond Film an der Geschicht vun der erfollegräicher Saga, deen net manner wéi 2 Stonnen an 43 Minutten dauert, leeft zënter dëser Woch an de Kinoen uechter d’Land. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

02/10/2021 Film vun der Woch NO TIME TO DIE RADIO

Film vun der Woch : NO TIME TO DIE vum Cary Joji Fukunaga

Nodeems alles drop hiweist datt de Bond vu senger grousser Léift dem Madeleine Swann verroden gouf an hie wéi gewinnt op spektakulär Manéier entkënnt, hänkt den 007 seng Pistoul un de Nol. Zënter deem de fréieren Agent net méi am Déngscht vu senger Majesty ass léist hien sech et an Jamaika gutt goen, bis en ale bekannten, de CIA Agent Felix Leiter hie sichen kënnt fir der krimineller Organisatioun Spectre endlech d’Handwierk ze leeën. Op senger leschter Missioun stéisst de Bond awer op eng innovativ chemesch Waff déi an de falschen Hänn Millioune Léit op ee Coup kéint ëmbréngen.

NO TIME TO DIE ass laang, vill ze laang, esou laang datt d’Actionsequenzen engem souguer ze laang virkommen. Den Haaptproblem vun dësem Bond Film fënnt een awer warscheinlech a sengem Virgänger mam Titel SPECTRE. E Film dee vill narrativ Piste lancéiert huet an op gelooss huet an déi hunn hei missten sou gutt et geet op ganz ëmständlech Manéier geléist ginn. Dem Realisateur Cary Joji Fukunaga säi Bond ass sécherlech net manner gutt gemaach wéi aner Bond Filmer – eng ganz Réi Actionsequenzen sinn brilliant ëmgesat - ma trotzdeem léit NO TIME TO DIE ënnert enger schwéierfälleger an immens previsibeler Geschicht déi vu ganz schwaachen Antagonisten ugefouert gëtt. De sougenannte charakteristeschen a skurrille Béisen war ëmmer e Markenzeechen vun de Bond Filmer. Dem Rami Malek säi Lyutsifer Safin gëtt dëser Reputatioun bei wäitem net gerecht. Dem Fukunaga seng visuell Approche déi aus dësem Bond eng ganz interessant Mëschung aus engem Horrorfilm an engem Melodrama mecht kann awer duerch säin duerchwuessend Dréibuch ni richteg opbléien.

NO TIME TO DIE ass jo bekanntlech dem Acteur Daniel Craig säi leschten James Bond Film. De 53 Joer ale brittesche Schauspiller huet der Saga ëm den 007 sécherlech eng nei an erfrëschend Identitéit ginn dei wéit ewech vum glate Macho war. NO TIME TO DIE dréit zu dësem Renouveau bäi an deem em dem Acteur e wuelverdéngten, spektakulären an emotionale Climax bidd, deen ouni ze vill ze verroden, a gudder Bond Traditioun, mat Ausnam vum Sam Mendes sengem exzellente SKYFALL, absolut a guer net kredibel ass, ma deen d’Legend vum 007 zumindest  bis zum nächste Bond Film wäert weider mystifizéieren.