Eng lëtzebuergesch Co-Produktioun, 2 franséisch Filmer an eng däitsch Komedie lafen dës Woch ënnert anerem an de Kinoen un. De Loïc Tanson stellt iech déi nei Filmer vir.

06/10/2021 Nei am Kino

LES INTRANQUILLES vum Joachim Lafosse mam Damien Bonnard

RTL

Den Damien weess datt hien ganz fragille ass, trotzdeem wëll hien säi Liewen mat senger grousser Léift dem Leila weiderféieren, och wann hie weess datt hien him vläicht ni kann dat ginn wat hat wierklech wëll. LES INTRANQUILLES ass eng Lëtzebuergesch Co-Produktioun vu Samsa Film déi vum belsche Realisateur Joachim Lafosse realiséiert gouf an dei dëst Joer an der offizieller Competitioun um Festival vu Cannes sélectionnléiert war.

CIGARE AU MIEL vum Kamir Aïnouz mam Zoé Adjani

RTL

D’Selma huet 17 Joer a lieft 1993 zu Neuilly-sur-Scène an enger Berber Famill. Wann hat de provokative Julien kenne léiert, mierkt hat wéi säi Liewen a seng Intimitéit vu sengem Papp kontrolléiert ass. D’Selma entdeckt awer lues a lues d’Geforen an d’Stäerkte vu senger eegener Loscht wärend deem seng Famill an d’Bréch geet an a säin Heemechtsland am Terror vun Fundamentalismus ënner geet.  CIGARE AU MIEL ass vum Kamir Aïnouz realiséiert mam Zoé Adjani an der Haaptroll.

RTL

MON LEGIONNAIRE vum Rachel Lang mam Camille Cottin

RTL

Si kommen aus de 4 Ecken vun der Welt, ma si hunn eppes gemeinsam : si gehéieren der Légion Etrangère un déi zu hire néier Famill gëtt. MON LEGIONNAIRE erzielt hir Schicksaler : déi vun hire Fraen déi kämpfen fir datt hier grouss Léift um Liewe bléift, déi vun de Männer déi fir Frankräich an de Krich ginn, an déi vun de Koppelen déi sech a feindlechen a konfliktuellen Territoiren kenne geléiert hunn.  D’Camille Cottin an de Louis Garrel besetzen d’Haaptrollen vum Drama mam Titel MON LEGIONNAIRE.

TÖCHTER vum Nana Neul, Lucy Fricke mam Birgit Minichmayr

 

RTL

Am Roadmovie TÖCHTER,  ass d’Martha,  gespillt vum Alexandra Maria Lara, verzweiwelt. Hire Papp ass schwéier krank a well stierwen. Dofir soll si mat him an d’Schwäiz fueren wou d’Euthanasie erlaabt ass. D’Martha refuséiert awer zënter engem traumatiséierendem Accident sech hannert d’Stéier vun engem Auto ze setzen a freet deemno hir bescht Frëndin si an d’Schwäiz ze féieren. De Roadtrip gëtt awer ëmmer méi speziell wann de Papp op eemol well en Tëschestopp beim Lago Maggiore maachen wou eng Réi Familljegeheimnisser wäerten opgedeckt ginn.