De Belsche Realisateur Joaquim Lafosse, war mat sengem Film LES INTRANQUILLES dëst Joer um Festival vu Cannes an der Kompetitioun selektionéiert. Et ass schonn den 2te Film deen hien zesumme mat  Samsa Film co-produzéiert an och zu Lëtzebuerg gedréint huet. De Joy Hoffmann mam Film vun der Woch.

09/10/2021 Film vun der Woch: Les Intranquilles

Den Damien ass Moler, seng Fra restauréiert Miwwelen, an hire klenge Bouf schéngt beonrouegt, wann de Papp mat senge klenge Frënn spillt a sech de Batti stellt. De Papp war jo och schonns eng Kéier matzen um Mier aus dem Motorboot gesprongen, an huet den 8 järege Bouf eleng heem fuere gelooss. En éischter sympathesche, coole Papp also, deen allerdéngs iwwerdreift, an a sengen euphoresche Phasen zur enormer Belaaschtung fir seng Famill gëtt. Den Damien ass nämlech bi-polar oder maniaco depressif, a besonnesch wann e refuséiert seng Medikamenter ze huelen , ass en onberechenbar. LES INTRANQUILLES ass keng medezinesch Analyse vun dëser Krankheet, keen Psychiater oder Dokter trëtt am Film op. Et geet dem Realisateur Joachim Lafosse, dee selwer ënnert engem bipolare Papp ze leiden hat,vill méi drëm ze weisen wat fir eng Konsequenz esou eng Krankheet op d'Liewen an d'Intimitéit vun enger Koppel huet. Am Ufank vum Film steet éischter de Papp, gespillt vum Damien Bonnard,  mat senger Hyperaktivitéit a sengem kreativen Elan als Moler, am Virdergrond; iwwregens huet den Danien Bonnard Beaux-Arts studéiert a selwer zesumme mam belsche Moler Piet Raemdonk u sengen Tableauen am Film geschafft.  No an no konzentréiert de Film sech dann méi op d'Leïla,gespillt vum Leïla Bekhti,  déi mat vill Léift an Energie de ganze Laascht op hire Schëlleren dréit, an och de Bouf rassuréiere muss, deen ëmmer méi Angscht vum Papp a sengen Exzesser kritt, a sech och vis à vis vu senge Kolleege schummt, z.B. wa säi Papp an der Schoul opdaucht a Croissanten ausdeelt.

Et ass e permanenten a stressegen Hin an Hir tëschent de Personnagen, déi sech  a schéine Momenter nokommen, an duerno erëm ënnert dem Afloss vun enger Kris vum Papp  ausernaner gerappt ginn. De Joachim Lafosse  ass mat senger Kamera ëmmer ganz no bei senge Personnagen, déi excellent gespillt sinn vun den 2 Haaptacteuren, awer och vun  deem klengen  Gabriel Merz-Chammah, dem Enkel vun der Isabelle Huppert.  Esou entsteet e ganz staarken an intime Portrait iwwert eng Famill, déi verzweiwelt versicht trotz der Krankheet hier Eenheet an hir Léift ze retten.