2018 koum den éischte Film ëm den ausserierdesche Symbiot Venom an de Kinoen eraus. Duerch säi Succès am Box Office huet eng Suite natierlech net ganz laang op sech waarde gelooss. Genee wéi säi Firgänger ass VENOM: LET THERE BE CARNAGE awer ereicht fir e Publikum ab 16 Joer geduecht.  De Loïc Tanson war sech dës bluddeg Adaptatioun vun engem ausgeflippte Marvel Comicbuch ukucken.

16/10/2021 Film Vun Der Woch

INTRO: FILM VUN DER WOCH (am Browser Jingle)

OUTRO: FILM VUN DER WOCH (am Browser Jingle)

USO:

2018 koum den éischte Film ëm den ausserierdesche Symbiot Venom an de Kinoen eraus. Duerch säi Succès am Box Office huet eng Suite natierlech net ganz laang op sech waarde gelooss. Genee wéi säi Firgänger ass VENOM: LET THERE BE CARNAGE awer ereicht fir e Publikum ab 16 Joer geduecht.  De Loïc Tanson war sech dës bluddeg Adaptatioun vun engem ausgeflippte Marvel Comicbuch ukucken.

RTL

VENOM: LET THERE BE CARNAGE VUM ANDY SERKIS

De Journalist Eddie Brock ass nach ëmmer e Loser dee näischt esou richteg op d’Rei kritt an dee säi Kierper mat engem eegewëllegen, kanneregen a virun allem konstant hongregen ausserierdesche Symbiot muss deelen.

De notoresche Serial Killer Cletus Kasady steet kuerz virun senger Exekutioun, an et wäert ausgerechent duerch dem Eddie seng onfräiwëlleg Hëllef sinn datt de Kasady entwëscht, a säin eegene brutale Symbiot mam Numm Carnage wäert op d’Welt lassloossen. Sou datt den Eddie an de Venom hir Differenzen mussen op der Séit loossen fir d’Welt ze retten.

LET THERE BE CARNAGE ass eng ausgeflippte Suite vun engem chaotesche Film dee virun allem vun der origineller Schauspillerescher Leeschtung vu sengem Haaptprotagonist Tom Hardy gelieft huet. Dës Sequel ass eng Zort Buddy Movie dee sech staark vum Klassiker “THE ODD COUPLE” mam Jack Lemmon a mam Wlater Matthau inspiréiert huet. Eng Réi gutt placéiert Witzer suergen deemno fir deen een oder anere Lacher.

VENOM: LET THERE BE CARNAGE ass vum Gollum Schauspiller Andy SERKIS realiséiert. De Serkis deen am Beräich vun der Motion Capture déi Referenz schlechthin ass fir Computer animéiert Personnage liewenstréi duerzestellen, huet aus dem Venom an dem Carnage deemno och zwee ganz spektakulär Personnage gemaach, zumindest mol um visuelle Plang.  D’Actionsequenzen an total iwwerdriwwe Spezial Effekter stinn hei am Virdergrond an dréiwen eng dach simplistesch an oninteressant Intrig weider. Doriwwer eraus sinn et awer d’Schauspiller Tom Hardy a Woody Harrelson dei aus eefällege Personnage ganz exzentresch a genësserlech Protagoniste maachen. Dësen 2te Venom Film adresséiert sech deemno virun allem un d’Fans vum Genre a vun dëser ganz skurriller Marvel Comicfigur.