Eng Lëtzebuergesch Co-Produktioun mam Titel HINTERLAND, en Actionfilm, e Musical an e franséischen historeschen Drama lafen dës Woch nei an de Kinoen un. De Loïc Tanson huet déi verschidde Filmer ënnert d'Lupp geholl.

20/10/2021 Nei Am Kino

HINTERLAND vum Stefan Ruzowitzky mam Marc Limpach

RTL

Eisträich am Joer 1922. De Peter Berg dee grad eréischt aus de russesche Lager befreit gouf soll sech op d’Spuere vun engem Seriemäerder maachen. A senger düsterer Enquête grueft hien eng rezent a grausam Vergaangenheet aus. HINTERLAND ass vun  der Lëtzebuerger Produktiounsfirma AMOUR FOU co-produzéiert a vum Oscar priméierte Regisseur Stefan Ruzowitzky op original Manéier realiséiert.

 
COPSHOP vum Joe Carnahan mam Gerard Butler

RTL

E klenge Police Büro verwandelt sech an eng reegelrecht Schéissbud well e Gauner op deem en deftegt Präisgeld ausgeschriwwe gëtt sech do hanner Gitter verstoppt. Wann dann een Optragskiller nom aneren do opdaucht muss eng jonk Polizistin sech mat allméigleche Mëttel wieren. COPSHOP ass vum Smokin’ Aces Regisseur Joe Carnahan realiséiert mam Gerard Buttler an der Haaptroll.

 
ANNETTE vum Leos Carax mam Adam Driver

RTL

E Stand-Up Comedian an eng international bekannte Sängerin kréien hiert éischt Kand dat e nawell aussergewéinlecht Schicksal huet an hiert Liewen wäert ferm duerchenaner bréngen. ANNETTE vum Leos Carax ass e Musical mam Marion Cotillard an Adam Driver.

 
ILLUSIONS PERDUES vum Xavier Giannioli mam Cécile de France

RTL

ILLUSIONS PERDUES ass en historeschen Drama mam Benjamin Voisin a Cécile de France dee vun engem Roman vum Honoré de Balzac inspiréiert ass. Hei dréit alles sech ëm de jonken an onbekannten Dichter mam Numm Lucien dee matten am 19te Joerhonnert säi Gléck op Paräis versiche geet an do op déi profitgiereg Welt vun der geschriwwener Press an der Politik stéisst.