Dës Woch lafen eng Rëtsch Filmer frësch an de Kinoen un. De Loïc Tanson hëlt d'Kinossortien ënnert d'Lupp, ugefaangen mam neie Film vum eenzegaartege Wes Anderson a sengem Hommage un de franséische Kino mat der ganz eklektescher Komedie THE FRENCH DISPATCH.

27/10/2021 Nei am Kino

THE FRENCH DISPATCH vum Wes Anderson mam Tilda Swinton

RTL

De Wes Anderson ass en amerikanesche Realisateur mat engem ganz originellem visuelle Stiel deen hien a Filmer wéi THE ROYAL TENNENBAUMS oder THE GRAND BUDAPEST HOTEL mat de Jore verfeinert huet a wou ëmmer eng Abberzuel vun Hollywood Stars matwierken.  THE FRENCH DISPATCH erzielt eng Rei original kuerz Geschichten déi vu verschiddene Journalisten fir déi lescht Editioun vun enger Zeitung geschriwwe gouf där hiren Editeur grad gestuerwen ass. THE FRENCH DISPATCH ass wuel en Hommage un déi franséisch Filmgeschicht genee wéi un eng ganz Réi renomméiert Schrëftsteller déi fir d’Zeitung THE NEW YORKER geschriwwen hunn.

 
LAST NIGHT IN SOHO vum Edgar Wright mam Anya Taylor-Joy

RTL

LAST NIGHT IN SOHO ass en Thriller an deem eng jonk Fra déi begeeschtert vun der Moud ass a grad eréischt op London geplënnert ass, an hiren Dreem ëmmer zeréck an d’60er Joren  reest wou si mat enger mysteriéiser Fra an hirem tragesche Schicksal konfrontéiert gëtt.  LAST NIGHT IN SOHO ass vum SHAUN OF THE DEAD a BABYDRIVER Regisseur Edgar Wright realiséiert.

 

LUI vum a mam Guillaume Canet

RTL

E Komponist gespillt vum Guillaume Canet, deen op der Sich no Inspiratioun ass, verléisst seng Fra a Kanner a refugiéiert sech an engem ale bretoneschem Haus no um Mier.  Zu sengem Entsetzen ass de Piano awer net accordéiert an zur Rou kennt hien och do net.

LA CIVIL vum Teodora Mihai mam Arcelia Ramírez

RTL

Enger Mamm hir Duerschter gëtt am Norde vu Mexiko entfuert. Wëll d’Police näischt ënnerhëlt muss d’Mamm sech selwer op d’Sich maachen an aus der roueger Hausfra gëtt eng Millitantin déi op Revanche aus ass. LA CIVIL ass e mexikanesche Film deen vun enger wouerer Geschicht inspiréiert gouf.