Mat GLADIATOR a KINGDOM OF HEAVEN huet de Realisateur Ridley Scott bewisen datt epesch an historesch Filmer nach ëmmer hier Platz zu Hollywood hunn. Am rezenten Drama THE LAST DUEL ass dat net anescht, zemools wou an dësem mëttelalterlechem Epos alles sech ëm eng ganz zäitgenëssesch Intrig dréit. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

Film vun der Woch : The Last Duel vum Ridley Scott

THE LAST DUEL erzielt wéi et zum leschten legalen Duell a Frankräich komm ass.

De 29ten Dezember 1386 stoungen sech zwee al Kolleegen a mëttlerweil verbattert Rivalen, de Jean de Carrouges an de Jacques Le Gris géigeniwwer. Et war en Duell bis op den Doud an deem d’Éier vun den zwee Männer a vum Carrouges senger Frâ um Spill stoung. D’Marguerite huet de Le Gris nämlech beschëllegt sech un him vergraff ze hunn. De Le Gris streit awer of d’Marguerite vergewaltegt ze hunn sou datt de Carouges keen aneren Auswee geséit wéi en Duell op den Doud ze fuerderen fir datt Gott hiert Schicksal entscheet.

THE LAST DUEL ass en exzellenten historeschen Drama vum GLADIATOR Realisateur Ridley Scott dee vum Matt Damon, dem Ben Affleck an dem Nicole Holofcener geschriwwe gouf. 3 bekannten Zeenaristen fir 3 ganz ennerschiddlesch Versiounen vun engem schreckleche Firfall déi hei een nom aneren op faszinant an elliptesch Manéier erzielt ginn. Dësen epeschen an Deels ganz bluddege Film, ass awer genee sou intimistesch wéi spektakulär, a no deems hien d’Evenementer déi zum Duell gefouert hunn fir d’éischt aus den 2 Männer hirer ganz subjektiver Perspektiv erzielt huet, wéist en a sengem leschten Deel dann déi absolut Wouerecht, an anere Wierder, erzielt en do d’Geschicht mat den Aen vum eenzegen Affer an dësem historesche Virfall, dem Marguerite de Carouges.

Eng Geschicht déi deemno net méi aktuell kéint sinn.  Dës Intrig déi sech an d’Thematik vum #MeToo Mouvement aschreift ass op historesche Fakte baséiert. Nieft der ganz gelonger Verbildlechung vum absurden an Deels lächerlechem Kampf ëm déi sou genannte männlech Éier déi vun der Traditioun vun de Ritter bis Haut nach ëmmer eng Resonanz fënnt, ass THE LAST DUEL awer och e staarke Portrait vun enger Fra déi viru knapp 635 Joer fir hier Rechter gekämpft huet, ma där hir Dignitéit an Existenz eenzeg an eleng an den Hänn vun den egozentresche Männer déi si ëmginn huet louch. THE LAST DUEL ass déi Zort vu Kino déi un e gëllenen Zäitalter vun Hollywood erënnert an där es Haut zu Dags leider net méi genuch gëtt.