Am Dokumentarfilm The Living Witnesses stellen sech d'Realisateuren Karolina Markiewicz & Pascal Piron d'Fro wéi ee kann d'Erënnerung un den Holocaust oprechterhalen, a besonnesch wéi Jugendlecher léiere kéinten, duerch e Bléck  an d'Geschicht,  sech och haut par rapport zu Persecutioun an Ausgrenzung ze positionéieren. De Joy Hoffmann mam Film vun der Woch.

The Living Witnesses vum  Karolina Markiewicz & Pascal Piron

The Living Witnesses suivéiert 3 Lëtzebuerger Jugendlecher, déi dem Schicksal vun de Lëtzebuerger Deportéierte Judden op enger  Rees vun Auschwitz iwwer Lodz bis op d'Holocaust Denkmal zu Berlin, noginn. Och si hunn allen dräi ënner Exklusioun an Persecutioun gelidden: den Dean setzt sech vir d'LCGBT Communautéit an, an d'Christina an d'Marie sinn aus de Krichsgebitter Syrien respektiv Elfenbeinküst op Lëtzebuerg geflücht.

D' Konzept fir betraffe Jugendlecher haut, op Schicksaler aus der Geschicht vun deemools reagéieren ze loossen, ass wuel au Départ interessant, a fonctionéiert och an enger excellenter Episode, wou hinnen de ganzen Haass vun  ultranationalistesche Manifestanten zu Warschau entgéint schléit.

Soss bleift dat Ganzt awer éischter iwwerflächlech a staark pedagogesch orientéiert. Et gëtt een net genuch iwwert d'Schicksaler vun den 3 Jugendlecher gewuer, an hir Froen wierken och wéineg spontan. Et hätt ee sech méi Interaktioun tëschent de Jugendlechen a méi Konfrontatioun tëschent geschichtlecher Vergaangenheet an haiteger Aktualitéit erwaart. Di excellent geféiert Kamera vum Amandine Klee, fänkt dann och bei de Jugendlechen net méi an , wi eng gewëssen Betraffenheet an Interessi fir den Holocaust. An och d'Zäitzeien behuelen, an äussere sech éischter professoral.

Esou geet et  dem Zuschauer vum Film e bëssen wéi Touristen, déi vun engem  Denkmal oder Musée bei deen anere pilgeren, eppes wat de Film, am Ufank, mat Bezuch op Ausschwitz selwer kritiséiert hat. Allerdéngs, an Zäiten wou mer schéngen wéineg aus der Geschicht geléiert ze hunn, an Antisemitismus a Rietsextremismus weider staark present sinn, ass esou eng Erënnerungskur net vu Muttwëll, an de Film verdéngt dann och d'Predikat "besonders wertvoll", bezunn op seng pedagogesch Intentiounen.