De neie Film vum Clint Eastwood CRY MACHO leeft haut nei an de Kinoen un, genee wéi e Biopic iwwert d'Céline Dion, eng italienesch Komedie vum Nanni Morretti, an e Revenge Thriller vum Casino Royale Realisateur Martin Campbell.

10/11/2021 Nei am Kino

CRY MACHO vum a mam Clint Eastwood

E fréieren eelere Rodeo Champion muss en turbulenten Teenager aus dem Mexico bis an den Texas begleeden. Dofir muss hien sech awer mat der Mexikanescher Mafia, der Polizei a senger eegener Vergaangenheet ausenanersetzen. CRY MACHO ass vum Clint Eastwood realiséiert an den  91 Joer alen Acteur spillt och selwer d’Haaptroll.

TRE PIANI vum a mam Nanni Morretti

RTL

TRE PIANI ass de neie Film vum 68 Joer alen italienesche Realisateur Nanni Morretti.  D’Liewe vun 3 Familljen déi am selwechten Appartementshaus wunnen gëtt duerch en Accident staark gezeechent. Wärend deems d’Männer an hirer Stuerheet gefaange sinn, versichen d’Fraen op hir ganz eege Manéier d’Familljen nees ze vereenegen.

ALINE vum a mam Valérie Lemercier

RTL

ALINE ass en typesche musikalesche Biopic vum a mam Valérie Lemercier dee vum Céline Dion sengem Liewen inspiréiert ass an deen den Opstig zum internationale Star vun dësem onscheinbare Meedchen aus enger Famill mat 14 Kanner déi am Québec liewen erzielt.

THE PROTÉGÉ vum Martin Campbell mam Maggie Q

RTL

De Rembrandt an d’Anna sinn déi beschten Optragskiller weltwäit. Jore laang hunn si seech uechter d’Welt em déi gréissten an deierst Opträg gestridden, bis dem Anna säi Mentor ëmbruecht gëtt an déi 2 Feinde mussen zesumme schaffen fir dem Mäerder op d’Spueren ze kommen. THE PROTÉGÉ  ass en Actionfilm vum Casino Royale Realisateur Martin Campbell.