En Dokumentarfilm iwwert de Lampertsbierger Quartier, e Western vum Jane Campion, e neie Ghostbusters Film an e norwegeschen Drama deen dëst Joer um Festival vu Cannes selektionéiert war, lafen dës Woch nei an de Kinoen un.

17/11/2021 Nei am Kino

DE LAMPERTSBIERG vum Joy Hoffmann

DE LAMPERTSBIERG ass en Dokumentarfilm iwwert d'Geschicht vum Stater Quartier Lampertsbierg, recherchéiert a realiséiert vum Joy Hoffmann, a produzéiert vum Centre national de l'audiovisuel (CNA).

Den Dokumentarfilm vum Joy Hoffmann presentéiert sech als eng Serie vu 6 Deeler vun all Kéier zirka 35 Minutten déi een elo an engem Stéck kann an de Kinoen uechter d'Land gesinn.

THE POWER OF THE DOG vum Jane Campion mam Benedict Cumberbatch

RTL

Am Staat Montana, huet Modernitéit vum 20te Joerhonnert nach keen Uklang fonnt. An der gréisster Ranch déi vun de Burbank Bridder geleet gëtt gëllen nach déi veraltert Reegelen aus dem wëlle Westen. De Phil an den George déi awer vun Grond op verschidde sinn, ginn nach mei gespléckt wann den George ins Geheim eng jonk Wittfra bestuet an de Phil alles wäert dru setzen fir déi jonk Fra ze zerstéieren. THE POWER OF THE DOG ass vum Jane Campion realiséiert mam Benedict Cumberbatch an der Haaptroll.  

 
GHOSTBUSTERS: AFTERLIFE vum Jason Reitman mam Carrie Coon

RTL

Eng eleng erzéiend Mamm an hir 2 Kanner entdecken no a no duerch d’Ierfschaft vum Grousspapp dat si ganz enk mat den ominéise Ghosbusters a Relatioun stinn.  GHOSTBUSTERS: AFTERLIFE ass eng Actionkomedie déi an der Traditioun vun den 80er Joren Actionfilmer en Hommage un Franchise vun de Ghostbuster Filmer ass.

 
THE WORST PERSON IN THE WORLD vum Joachim Trier mam Renate Reinsve

RTL

 
D’Julie huet geschwënn 30 Joer a weess net wierklech wat hat well. Hat ass wuel an enger stabiller Relatioun mam 45 Joer alen a bekannte Schrëftsteller Aksel, ma wann hat de jonke Student Eivind kenne léiert, geréit hat un zweiwelen. THE WORST PERSON IN THE WORLD ass en intimen an originelle Film vum norwegesche Realisateur Joachim Trier.