Eng lëtzebuergesch Co-Produtkioun, déi op der Berlinale mam gëllene Bier ausgezeechent gouf, an e franséischen Drama mam Vicky Krieps lafen ënnert anerem dës Woch nei an de Kinoen un. De Loïc Tanson stëllt iech déi nei Filmer vir.

24/11/2021 Nei am Kino

BERGMAN ISLAND vum Mia Hansen-Løve mam Vicky Krieps

Eng Koppel Cineasten installéieren sech op der schwedescher Insel Fårö  wou de bekannte Realisateur Ingmar Bergman fréier gelieft huet. Si schaffen alle Béid un hire jeeweilegen Dréibicher, ma lues awer sécher vermëschen sech op dëser Insel déi vun enger wëller Natur ëmginn ass d’Realitéit an d’Fiktioun ëmmer méi. BERGMAN ISLAND ass en Drama vum vum Mia Hansen-Løve mat der lëtzebuergescher Actrice Vicky Krieps an der Haaptroll.  

 

 

BAD LUCK BANGING OR LOONY PORN vum Radu Jude mam Katia Pascariu

RTL

BAD LUCK BANGING OR LOONY PORN huet dëst Joer op der Berlinale de gëllene Bier vum beschte Film gewonnen. Dës lëtzebuergesch Ko-Produktioun werft folgend Fro op: wat ass méi obszön, eng geleakten explizitt Sextape ,oder d'Art a Weis wéi vill aner Saachen an eiser haiteger Gesellschaft fonctionéieren.

 

 

HOUSE OF GUCCI vum Ridley Scott mam Lady Gaga

 

RTL

D’Gucci Haus ass en Imperium am Beräich vun der Moud zënter engem Joerhonnert. Um Enn vun de 70er Joren ass dës international Mark awer vu Gerüchter ëmginn déi riskéieren de Numm Gucci se devaloriséieren. HOUSE OF GUCCI vum Ridley Scott mam Lady Gaga, Adam Driver an Al Pacino erzielt déi wouer Geschicht vum Kampf ëm d’Successioun vun dëser traditiounsräicher Luxusmark.

 

SUPRÊMES vum Audrey Estrougo mam Théo Christine

 

RTL

1989 verbreet den Hip Hop an d’Rap Musek sech lues a lues a Frankräich, an zemools an de Firuerter vu Paräis. De Kool Shen an den JoeyStarr wäerten mat hirem Grupp NTM souwuel e sozialen wéi e musikaleschen Impakt hunn, an et dauert och net laang bis si sech duerch hier korrosiv Texter mat den Autoritéiten an der Police uleeën. SUPRÊMES ass e franséischen Biopic vum Audrey Estrougo.