De Film BERGMAN ISLAND vun der franséischer Realisatrice Mia Hansen-Love, war dëst Joer an der Competitioun vum Festival vu Cannes ee vun de beléiftste Filmer bei der Kritik, och well en sech mam Thema vun der Kinokonscht befaasst huet. Dobäi war awer och d' Lëtzebuerger Actrice Vickie Krieps, mat hirer Haaptroll am Film, am Zentrum vum Interessi vun  der internationaler Presse.

Radio Film vun der Woch BERGMAN ISLAND

Film vun der Woch: Bergman Island
 
Eng Koppel vu Cineasten kënnt op d' Insel Farö, do wou de grousse schwedesche Realisateur Ingmar Bergman 40 Joer laang gelieft huet an och e puer vu senge Meeschterwierker wéi "Persona", "La Honte", oder "Scènes de la vie conjugale" gedréint huet. Den Tony, gespillt vum Tim Roth, ass schonn e confirméierte Realisateur, wärend d'Chris, interpretéiert  vum Vicky Krieps, nach hire Wee als jonk Scénaristin sicht. Hinnen allebéid soll des Insel, déi vum Geescht vum Bergman duerchdrongen ass, hëllefen di néideg Inspiratioun ze fanne, woubäi d'Chris sech bedeitend méi Froen stellt wi hire Partner,  iwwert hire eege Roll als Artistin, an de Prozess vun der kënschtlerecher Creatioun. An deem Sënn huet d' Vickie Krieps dann och an engem Interview d'Insel als e "Sehnsuchtsort" beschriwwen, an ons och vun de Realisatrice Mia Hanson Love geschwat.

De Geescht vum Bergman ass dann och éischter e Konzept, deen de Spectateur senséiert ass anzefänken, wann d'Chris duerch di schéin Insel-Landschaften spadséiert. Ganz direkt erfaassbar ass de Bergman allerdéngs, an engem éischter lëschtegen Deel am Ufank vum Film, wann de Bergman Tourismus, an eng sougenannten Bergman Safari op d'Schëpp geholl gëtt. Konkret, an alles wéi net konzeptuell gëtt et dann och, wann mer bis e bemol an en ganz anere Film erakommen, deen nämlech, deen d'Chris am Gaang ass ze schreiwen. An déi Geschicht vun enger Realisatrice, gespillt vun der Mia Wasikovska, déi op d'Insel kënnt, do e fréieren Amant erëmbegéint,  an net weess wéi se soll mat deem ëmgoen, ass alles wéi wierklech interessant, och wann se villäicht autobiographesch ass. BERGMAN ISLAND ass um Enn en hybriden, intellektuelle Film, ouni vill Gefiller oder dramaturgesch Tensiounen, dee bei der internationaler Kritik awer bedeitend besser ukomm ass, wéi bei eis.  D'Vickie Krieps allerdéngs war an aller Mond, an dëse Film huet hir sécherlech e weidere Schubs gin, an hirer schonn elo brillanter Schauspiller Carrière.