Et ass nees eng spannend Woch an de Kinoen. Haut lafen Filmer aus Schweden, Frankräich, Italien a Spuenien un. De Loïc Tanson mat den Detailer.

01/12/2021 Nei am Kino

MADRES PARALELAS vum Pedro Almodovar mam Penélope Cruz

Zwou Fraen déi alle béid e Kand erwaarden léieren sech an der Maternité kennen wou si sech géigesäiteg ënnerstëtzen an encouragéieren. Wei den Zoufall et awer esou well wäert hier nei Frëndschaft hiert Liewen awer op onerwaarte Manéier veränneren. MADRES PARALELAS ass vum Pedro Almodovar realiséiert mam Penélope Cruz an engen vun den Haaptrollen.

THE HAND OF GOD vum Paolo Sorrentino mam Filippo Scotti

RTL

De  Fabietto Schisa ass e scheie Jugendleche dee mat senger Famill an den 80er Joren zu Neapel lieft. Seng Existenz wäert sech komplett änneren den Daag wou d’Fussballikon Diego Maradona säi Liewe rett. THE HAND OF GOD ass dem italienesche Realisateur Paolo Sorrentino säi perséinlechste Film an deem d’Schicksal, d’Famill de Fussball an de Kino sech matenee vermëschen.

PLEASURE vum Nina Thyberg mam Sofia Koppel

RTL

Eng 20 Joer al Schwedin plënnert op Los Angeles fir Karriär an der Porno Industrie ze maachen. Déi ambitiéis Fra gëtt séier zu engem Phänomen an enger toxescher Welt an där de Pleséier duerch de Risiko ersat gouf.  PLEASURE ass den eischte Film vum Nina Thyberg mam Sofia Koppel an der Haaptroll.

LES CHOSES HUMAINES vum Yvan Attal mam Charlotte Gainsbourg

RTL

E jonke Mann gëtt beschëllegt eng Fra vergewalteg ze hunn. Wien ass dee jonke Mann? Ass hie schëlleg? Gett et nëmmen eng Wouerecht oder huet de jonke Mann Recht wann hie seet datt hien u sech d’Affer an dësem Fall ass. D’ Existenz souwuel wei d’Iwwerzeegungen vun dësen zwee Protagonisten ginn am franséischen Drama LES CHOSES HUMAINES vum Yvan Attal a Fro gestalt.