Den italienesche Realisateur Paolo Sorrentino huet mat THE GREAT BEAUTY am Joer 2013 den Oscar fir de beschten auslännesche Film gewonnen. De virtuose Regisseur vun der Serie THE YOUNG POPE huet mat THE HAND OF GOD säi wuel perséinlechste Film realiséiert an ass dofir zeréck a seng Gebuertsstad Neapel gaangen. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

04/12/2021 Film Vun Der Woch

THE HAND OF GOD vum Paolo Sorretino

De Fabietto Schiso ass en Eenzelgänger. E naive Bouf ouni Kolleegen fir deen seng exzentresch Famill an de Fussball an den 80er Joren säi ganzt Liewen sinn. Besonnesch de Veräin vum SSC Neapel léit dem Fabietto um Häerzen. Wann d’Rumeure lassginn datt den Diego Maradona soll op Neapel transféréiert ginn hofft eng ganz Staat op eng besser Zukunft. De Bouf ass begeeschtert, ouni ze wëssen datt de Fussballgenie säi Liewen wäert retten. Aus dem Fabietto gëtt duerch e Schicksalsschlag de Fabio, e Mann deen am Kino seng Katharsis well fannen fir aus der Realitéit auszebriechen.

Nieft der Mamm déi sech e Spaass draus mécht hir Matmënschen ze veräppelen, sengem Papp deen zënter Joren eng Affär huet, sengem Brudder dee Schauspiller well ginn, eng Schwëster déi ëmmer am Buedzëmmer hockt an enger Tatta an déi hie verléift ass, genéisst de Fabietto Ufanks säin onschëllegt Liewen. Dësen éischten Deel vun THE HAND OF GOD ass eng nostalgesch an autobiographesch Familljechronik vum italienesche Realisateur Paolo Sorrentino. Wéi gewinnt beim Sorrentino gëtt de Film vu nawell exzentresche Personnagen an engem schaarfen Humor ugedriwwen.

Am zweeten Deel veriert de Fabietto sech an de Stroossen vu senger Heemechtsstaat a sicht sou ze soen nom Sënn vum Liewen deen hien an der Welt vum Kino fënnt. Eng Welt wou dreemen erlaabt, souguer gefuerdert ass, an déi dach vill manner verbattert ass wéi seng Realitéit. The Hand of God erzielt deemno dei onfräiwëlleg Emanzipatioun vun engem Bouf deen zum Mann gëtt an deen ëmmer nees gesot kritt datt hien dach fräi ass, ma deen sech ëmsou méi agespaart fillt. Dës extrem perséinlech Coming of Age Geschicht ass duerchwuess an ongläich, trotzdeem ass dem Sorretino seng immens originell fantaséiert Realitéit ëmmer en Ëmwee an de Kino wäert.