Mat Filmer wéi JACKIE oder NERUDA huet de chileenesche Realisateur Pablo Larrain sech fir historesch a politesch Personnagen interesséiert. Am Drama mam Titel SPENCER dréit alles sech ëm déi tragesch Figur  vun der Princess of Wales. Diana gëtt vum TWILIGHT Star Kristen Stewart gespillt. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

11/12/2021 Film Vun Der Woch / Spencer

SPENCER vum Pablo Larrain

D’Relatioun tëschent dem Trounierwen vun England, dem Prënz Charles a senger Fra dem Diana Spencer ass alles mä net virbildlech. Rumeuren vun Affären an enger zukünfteger Scheedung ploen den Haff, an Diana gëtt vun de Fotografen a Journaliste gejot. Fir Chrëschtdag fënnt dei ganz ROYAL FAMILY an der Queen hirer Residenz vu Sandringham zesummen. Hei soll awer gemaach ginn wéi wa näischt wier an de Protokoll soll strikt agehalen ginn. Fir Prinzessin vu Wales ginn dës Festivitéiten deemno zu engem reegelrechten Alpdram.

SPENCER ass eng Fabel déi op historeschen Evenementer a Personnage baséiert. De chileenesche Realisateur Pablo Larrain daucht op ganz immersiv Manéier an d’Subjektivitéit vum Diana an. Hir Relatioun mat der ganzer Famill ass verfriemt, hir Costumière ass hier eenzeg Confidente, hir Kanner hiren leschte Refuge. Si passt net an Bild vun dëser strenger Famill dei hier Existenz no absurden an anachronisteschen Traditiounen féiert. Agespaart a verroden, traureg a rosen, verléiert si ëmmer méi de Bezuch zu Realitéit. A genee dës zwangsleefeg Spiral gëtt am Film Spencer virbildlecht. Di exzellent an original Musek vum Johnny Greenwood, präzis a villschichteg Dialogen vum Steven Knight droe genee wéi eng subliméiert Fotografie vum Claire Mathon dozou bäi datt dësen atypesche Biopic verdreemten an erdréckend Sequenzen op ergräifend Manéier matenee vermëscht.  

Der Kristen Stewart hir Sensibilitéit an extrem Fragilitéit ginn dësem Personnage schlussendlech eng fundamental tragesch Dimensioun a maachen aus SPENCER ee vun de ganz staarken an emotionale Filmer vum Joer.