Mat 75 Joer gehéiert de Steven Spielberg mëttlerweil zu der aler Gard vum Hollywoodkino. No Filmer wéi SCHINDLER’S LIST, JURASSIC PARK oder de méi rezenten historeschen Drama THE POST huet Spielberg elo säin éischte Musical verfilmt. WEST SIDE STORY ass e Remake vum Klassiker vum Robert Wise aus dem Joer 1961 an erzielt eng Geschicht déi zäitlos ass. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

18/12/2021 Film Vun Der Woch

Film vun der Woch : WEST SIDE STORY vum Steven Spielberg

Den Tony an d’Maria, e polneschen Immigréierten an eng 18 Joer al Puertorikanerin verléiwen sech op den éischten Bléck op engem Danzowend wou zwou verfeinte Gangs aus engem New Yorker Quartier sech de Krich erklären.  Den Tony dee  grad aus dem Prisong entlooss gouf, ass de fréiere Chef vun den Jets, an d’Maria ass déi kleng Schwëster vum Leader vun de Sharks. Genee wéi de Romeo & Juliet, sinn déi zwee hoffnungslos verléift, genee wei d’Montagues an Capulets haassen d’Jets an d’Sharks sech bis op den Doud. An dës ganz Romanz ka nëmmen tragesch op en Enn goen.

 

WEST SIDE STORY  ass ee vun de bekanntste Broadway Musicals, an d’Verfilmung aus dem Joer 1961 ass bis Haut nach ëmmer Kult. Do kann een sech d’Fro stellen firwat dëse Klassiker dee vum Shakespeare sengem ROMEO AND JULIET inspiréiert ass, 60 Joer méi spéit iwwerhaapt soll nei verfilmt ginn? Wann d’Skepsis a Saachen Hollywood Remakes ubruecht ass, et brauch ee nëmmen u nei Verfilmungen vu BEN-HUR, PSYCHO oder ROLLERBALL ze denken,  sou ass dës néi Adaptatioun vu WEST SIDE STORY ëmsou méi erstaunlech, an dat op ville Niveauen.

De Realisateur Steven Spielberg huet dofir optéiert d’Geschicht an de 50er ze verankeren, genee wei am originale Wierk, an huet op eng Moderniséierung verzicht, an dat mat guddem Grond. D’Geschicht vu WEST SIDE STORY  ass nämlech Haut nach genee sou aktuell wéi fréier. D’Angscht vun deenen déi anescht sinn, de latenten an affichéierte Rassismus, d’Gentrificatioun vun enger Metropol aus där déi immigréierter Aarbechter ëmmer méi verbannt ginn an d’Juegd op den American Dream dominéieren Haut nach déi gesellschaftlech Themen. An deem Sënn spiert dës nei Verfilmung sech a kengem Moment anachronistesch un.

Um stilistesche Niveau, ass WEST SIDE STORY den erneite Beweis vum Spielberg senger brillanter an extrem maitriséierter a präziser Mise en Scène. Eng Kamera déi genee sou fräi schéngt a senge Beweegungen wéi all d’Personnagen an de fantasteschen Dekoren agespaart sinn an e Casting deen op der ganzer Linn iwwerzeegt maachen aus dësem Monument aus dem Musical Genre e Film dee wuel aus enger anerer Welt schéngt, ma deen un déi gëllen Zäiten vun Hollywood erënnert. Dës nei Verfilmung transzendéiert deemno total säi 60 Joer ale Virgänger an ass e fantastesche, gefillsvollen Hommage un d’Musek vum Leonard Bernstein an un d’Texter vum Steven Sondheim.