Gutt 20 Joer nom eischte Matrix Film, deen de Genre vum Actionfilm revolutionéiert huet, sinn de Keanu Reeves an Carie-Ann Moss zeréck mat engem 4te Volet vun der spektakulärer, dystopescher Saga. De Loïc Tanson war sech de Film vun der Woch mam Titel THE MATRIX RESURRECTION ukucken.

25/12/2021 Film Vun Der Woch

Film vun der Woch: THE MATRIX RESURRECTIONS

Den Thomas ass en erfollegräiche Videospilldesigner dee vu sengem Business Partner gezwonge gëtt e 4ten Deel vun enger revolutionärer Trilogie ze entwéckelen. Den eenzegaartege Spillentwéckler ass zënter engem Selbstmord Versuch an Therapie well hien ëmmer nees de Bezuch zur Realitéit verléiert, ma eng blo Pëll déi hien all Dag hëlt, erlaabt him et den Alldag iwwert sech agoen ze loossen a keng Visioune méi ze hunn, bis e mysteriéise Mann aus enger anerer Welt him d'Wiel léisst eng rout Pëll am Platz vun enger bloer ze huelen, an domat den Thomas, besser bekannt ënnert dem Numm Neo, nees aus der artifizieller Welt vun der Matrix ze befreien. Fréi vun alle mentalen a physesche Ketten, well de Neo seng grouss Léift Trinity och aus der Matrix retten, an ass dofir prett seng eegen Existenz op d'Spill ze setzen.

THE MATRIX RESURRECTIONS ass an alle Hisiichten e fundamental originellen an zäitgenësseschen Actionfilm, dee frësche Wand an déi mëttlerweil fad Welt vun den Hollywood Blockbuster bléist. Dës passionant Mëschung aus engem Action- an engem existenzielle Libesfilm, ass glécklecherweis kee pré-formatéierte Comicheldfilm aus dem Marvel Haus. Ganz am Géigendeel, d'Realisatrice Lana Wachowski, huet eng villschichteg a spannend Suite geschriwwen an se doriwwer eraus a fantastesch Biller ëmgesat.D'Ästhetik vun dese 4te Volet ass zwar wéit ewech vun de gréngen Téin vu senge Virgänger, a méi no vu Filmer wéi CLOUD ATLAS oder der Serie SENSE 8 déi d'Lana Wachwoski mat hirer Schwëster realiséiert huet.

En éischten Deel an deem d'Ironie an den schwaarzen Humor Tromp sinn, ass eng frontal Kritik um aktuellen Hollywood System an deem ëmmer déi selwecht Filmer wéi um Fliissband gemaach ginn, éier dësen dach intime Blockbuster deen ëmmer nees d'Fro vum Mënsch senger Platz an onser Scheinwelt opwerft, zu engem reegelrechten Science-Fiction Epos gëtt wou d'Haaptpersonnage genee wéi d'Realisatrice zu enger fundamentaler Revolutioun opruffen. THE MATRIX RESURRECTIONS verléiert sech keng Sekonn a senger intelligenter Intrig, vermëscht eng gewësse Nostalgie vis-à-vis vun de viirechte Filmer mat enger onverweigerlecher Loscht an Ambitioun eraus ze weisen datt Kino wéit méi ass wéi eng Uréiung vu spektakulären an aseptiséierten Actionsequenzen, an een de Spectateur fir en z'ennerhalen och dozou kann motivéieren matzedenken.