Ënnert de neie Sortien sinn souwuel eng Comicbuch-Verfilmung, wéi och e Biopic iwwert de brittesche Moler Louis Wain. De Loïc Tanson huet déi nei Filmer vun der Woch ënnert d'Lupp geholl.

29/12/2021 Nei am Kino

THE KING’S MAN vum Matthew Vaughn mam Ralph Fiennes

Am drëtte Volet vun der KINGSMAN Komikbuch Adaptatioun, dréit alles sech ëm Spiounen am Ufank vum 20te Joerhonnert dei verhennere wëllen datt Millioune Mënschen zesummen embruecht ginn. An dësem Prequel dee genee wéi dei zwee fiirecht Filmer vum Matthew Vaughn realiséiert gouf, huet de Ralph Fiennes d’Haaptroll.

 

 
THE ELECTRICAL LIFE OF LOUIS WAIN vum Will Sharpe mam Benedict Cumberbatch

 

RTL

THE ELECTRICAL LIFE OF LOUIS WAIN ass e Portrait vum englesche Moler Louis Wain deen sech um Enn vum 19te Joerhonnert mat senge Biller vu surrealistesche Katzen e Numm gemaach huet. De Benedict Cumberbatch spillt d’Haaptroll an dësem brittesche Biopic.

 

THE CARD COUNTER vum Paul Schrader mam Oscar Isaac

 

RTL

Den Zeenarist vum Kultfilm TAXI DRIVER, a Realisateur vum exzellenten Drama FIRST REFORMED, erzielt am THE CARD COUNTER d’Geschicht vun engem fréieren Zaldot, gespillt vum Oscar Isaac, dee säi Liewen mam Poker spille verdéngt an dee mat alle Mëttel versicht senger Vergaangenheet ze vergiessen. Säin Treffe mam jonken a mental onstabelen Cirk wäert hien awer mat senger gewaltvoller Vergaangenheet konfrontéieren.

 

LES ENFANTS DU SOLEIL vum Majid Majidi mam Rouhollah Zamani

 

RTL

Den 12 järegen Ali lieft zu Téhéran wou hien vun engem geféierleche Kriminellen ugestallt gëtt e geheime Schatz ze fannen deen net wéit vun enger Schoul soll verstoppt sinn. Fir un de Schatz erunzekommen mussen si sech an der Schoul umellen, an hei ginn si lues a lues op e ganz anere Schatz opmierksam gemaach, an zwar deen vun der Educatioun.  LES ENFANTS DU SOLEIL war zejoert um renomméierte Festival vu Venedeg selektionéiert wou hien direkt 2 Präisser konnt gewannen.