Trotz der aktueller Pandemie huet de leschte Marvel Film mam Titel SPIDER-MAN: NO WAY HOME eng ganz Réi Box Office Rekorder uechter d’Welt gebrach. Fir d’éischt zënter 2 Joer sinn Kinossäll nees gutt gefëllt an den Enthusiasmus bei de Spectateuren ass grouss. Op dat och beim Loïc Tanson de Fall war, lauschtere mir ons elo mam Film vun der Woch un.

01/01/2022 Film vun der Woch SPIDER MAN NO WAY HOME

SPIDER-MAN: NO WAY HOME VUM JON WATTS

De Spider-Man gouf demaskéiert. Dem Superheld seng richteg Identitéit gouf ëffentlech gemaach, sou dat de jonke Peter Parker deen sech bis ewëll hannert dem Spannekostüm verstoppt huet, elo de ganzen Zäit vun de Medie gejot gëtt. Den Teenager huet keng Privatsphär méi, a genee dat selwecht gëllt fir seng Frendinn MJ, seng Tata May a säi beschte Kolleeg Ned. Fir aus dëser mësslecher Situatioun eraus ze kommen sicht hien Hëllef beim Dr. Strange, deen duerch e magesche Sproch jiddereen op der Welt vergiessen doe soll wat dem Spider-Man seng richteg Identitéit ass. Ma dëst Ënnerhuelen wäert nawell schif goen.

SPIDER-MAN: NO WAY HOME, ass den 3te Spider-Man Film mam Tom Holland an der Haaptroll, ma et ass awer den 8te Volet an der beléifter Marvel Franchise déi schonn 2 mol nei gestart gouf. Wann d’Prämisse vum Superheld dee seng Geheimidentitéit verléiert e Klassiker ass, an eng Réi spannend Narratiounspisten opmëcht, sou gëtt dësen Erzielstrang hei awer absolut a guer net opgegraff.  Am Géigendeel ass et just e Gimmick fir de sougenannte Multiverse och an engem live Action Marvel Film op déi grouss Leinwand ze bréngen. Dëst war jo schonn am absolut genialen Animatiounsfilm INTO THE SPIDER-VERSE de Fall.

An anere Wierder, gëtt hei alles dru gesat fir déi 8 Filmer an hier jeeweilege Protagonisten mateneen ze vermëschen. Eng Iddi déi u sech ganz spannend ass, ma déi awer net duer geet fir iwwert 2 an 28 Minutten eng ënnerhalend Geschicht ze erzielen. NO WAY HOME ass eng Uréiung vu platte Sketcher a wuel spektakulären Actionsequenzen wou d’Personnagen schlussendlech absolut zweetrangeg sinn.

De Wow Effekt vum sougenannte All Star Casting aus de viirechte Spider-Man Filmer verléiert deemno och séier säi Charme an engem ernéiten  faden an um Enn dach ganz onoriginelle Marvel Film.