Et annoncéiert sech eng spannend Woch an de Kinoen, mat engem Actionfilm mat Starbesetzung, engem isläneschen Drama, engem franséische Film mam Virginie Efira an dat neit Wierk vum PHANTOM THREAD Realisateur Paul Thomas Anderson. De Loïc Tanson hëlt déi nei Filmer ënnert d'Lupp.

05/01/2022 Nei am Kino

LICORICE PIZZA vum Paul Thomas Anderson mam Alana Haim

1973 an de Viruerter vu Los Angeles léieren sech d’Alana an de Gary den Dag vun der Klasse Foto am Lycée kennen. D’Alana ass dem Fotograf seng Assistentin an de Gary nach e Lycéesschüler mat groussen Ambitiounen als Schauspiller Karriär ze maachen, déi der jonker Fra imponéieren. Sou datt di zwee zesummen op New York liewe ginn wou d’Liewen eng ganz Rei Iwwerraschungen parat huet. LICORICE PIZZA ass e nostalgesche "Coming of Age" Drama vum MAGNOLIA a PHANTOM THREAD Regisseur Paul Thomas Anderson.

EN ATTENDANT BOJANGLES vum Régis Roinsard mam Virginie Efira

RTL

D’Camille et Georges liewen eng idyllesch Romanz zënter dem éischten Dag wou si sech iwwert de Wee gelaf sinn. Jore méi spéit, no enger improviséierter Hochzäit an engem gemeinsame Bouf, gëtt hier Libesgeschicht vun engem Schicksalsschlag ferm op d’Prouf gestalt. EN ATTENDANT BOJANGLES ass vum POPULAIRE Regisseur Régis Roinsard realiséiert mam Virignie Efira a mam Romain Duris an den Haaptrollen.

LAMB vum Valdimar Jóhannsson mam Noomi Rapace

 

RTL

D’María an den Ingvar liewen ofgeschott vun der Welt mat hire Schof op engem Bauerenhaff an Island. Hiert Liewen wäert sech drastesch änneren wann si e mysteriéise Puppelche fannen a sech entscheeden en als hiert eegent Kand grouss ze zéien. LAMB ass en islännesche Film deen am Kader vun der Selektioun UN CERTAIN REGARD um Festival vu Cannes, de Präis vun der Originalitéit krut.

THE 355 vum Simon Kinberg mam Jessica Chastain

RTL

Eng technologesch Waff déi all informatesch Reseauen kontrolléiere kann geréit an déi falsch Hänn. Spiounen a spezial Agenten aus der ganzer Welt treffen sech zu Paräis fir e weltwéite Konflikt ze verhënneren.  Hinne bléift keen anere Choix wéi zesummen ze schaffen, eng Aufgab déi net esou einfach ass wei se klengt. THE 355 ass e pueren Action Film mam Jessica Chastain, Penélope Cruz an Diane Kruger.