De neien Disney Animatiounsfilm ENCANTO hëlt kleng a grouss Spectateure mat op eng fantastesch Rees an déi kolumbianesch Bierger wou eng ganz besonnesch Famill lieft. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

08/01/2022 Film vun der Woch

FILM VUN DER WOCH: ENCANTO vum Jared Bush, Byron Howard

An der Famill Madrigal hunn all d’Kanner an Erwuessener eng aussergewéinlecher Fäegkeet déi duerch den Zauber vum Encanto kënnt. Den Encanto ass Duerf an deem se wunnen. D’Häerzstéck vun dëser Platz ass d’Casita vun de Madrigals, e verzaubert Haus an deem di ganz Famill wunnt. Bei de Madrigals, gëtt et awer e schwaarzt Schof. Mirabel huet nämlech keng speziell Fäegkeet a riskéiert doriwwer eraus den Zauber vum Encanto fir ëmmer ze zerstéieren. Mirabel well sech awer net mat sengem Schicksal zefridde ginn, a setzt alles drun fir d’Casita, d’Famill an den Zauber ze retten.   

 
Disney a Pixar Studios sinn zënter hirer Fusioun e Garant fir Qualitéit, Emotiounen an Ennerhalung. Dëst ass och béi ENCANTO net anescht. Dëse Fantasievolle Musical ass eng inspiréierend Geschicht iwwert d’Iwwerwannen vu schwéiere Schicksalsschléi. All Personnage aus dëser Famill muss sech mat den groussen Erwaardungen déi Hand an Hand mat hirem Numm a Fäegkeeten ginn ausenanersetzen, an op eege Manéier hire jeeweilegen Trauma iwwerwannen. ENCANTO ass d’Geschicht vun enger Band vun Aussesäiter déi duerch all hir Obligatiounen vergiess hunn wat et heescht eng Famill ze sinn an een den aneren z’ënnerstëtzen. Virop de Familljechef, d’Groussmamm déi mat der konstanter Angscht lieft den Zauber vum Encanto ze verléieren.
 
ENCANTO ass souwuel um technesche Niveau e Genoss fir d’A, wéi awer och eng spannend Geschicht déi vun den exzellente Lidder vum Lin-Manuel Miranda gedroe gëtt. Den Auteur vum phänomenalen HAMILTON Musical vermëscht wéi gewinnt Witz a aussokräfteg Texter mat enger matrappender Musék an dësem typeschen Disney Animatiounsfilm deen souwuel déi grouss wéi déi kleng Kinosgänger begeeschtere kann.