Eng visuell verblüffend Shakespeare Adaptatioun, e neien Horrorfilm an der Scream Saga an zwou franséisch Produktiounen lafen dës Woch nei am Kino un. De Loïc Tanson stellt iech déi nei Filmer méi am Detail vir.

12/01/2022 Nei am Kino

THE TRAGEDY OF MACBETH vum Joel Coen mam Denzel Washington

Den Joel Coen deen ënnert anerem mat sengem Brudder Kultfilmer wéi Fargo, The Big Lebowski oder O’Brother realiséiert huet, adaptéiert op ganz eege Manéier dem William Shakespeare säi Klassiker  MacBeth.  D’Oscargewënner Frances McDormand an den Denzel Washington spillen d’Lady MacBeth an hire Mann deen iwwerzeegt ass de nächste Kinnek vu Schottland ze ginn.

SCREAM vum Matt Bettinelli-Olpin, Tyler Gillett mam Neve Campbell

 

RTL

25 Joer no der bluddeger Mordserie zu Woodsboro, daucht de Mäerder mat der Ghostface Mask nees op, a geet op Teenagerjuegd. Den éischte Film an dëser Horror Saga gouf vum Wes Craven realiséiert, an dëst ass mëttlerweil de 5te Volet an dëser Franchise an där ënnert anerem Neve Campbell an d’Cortney Cox matspillen.

 

 

OUISTREHAM vum Emannuel Carrère mam Juliette Binoche

 

RTL

Marianne Winckler ass eng bekannte Schrëftstellerin déi fir e neit Buch iwwert prekär Aarbechter Recherchen um Terrain mëscht ouni hir Identitéit ze verroden. Si integréiert eng Ekipp vu Botzfraen an entdeckt séier déi batter sozial Realitéit an där si liewen, ma awer och hiren Zesummenhalt an hir Solidaritéit. D’Juliette Binoche spillt hei d’Haaptroll ënnert der Regie vum Emannuel Carrère.

 

 

ADIEU MONSIEUR HAFFMANN vum Fred Cavayé mam Daniel Auteuil

 

RTL

Paräis 1941. De François Mercier ass en duerchschnëttleche Mann deen eng Famill mat senger grousser Léift, dem Blanche grënne wëll. Hie schafft beim Monsieur Haffmann, engem talentéierte Bijoutier. Duerch d’Nazi Besetzung bedéngt, mussen déi zwee en eemolegen Accord fannen deen hier Liewen wäert opwullen. ADIEU MONSIEUR HAFFMANN  ass déi drëtt Zesummenaarbecht vum Realisateur Fred Cavayé mam Acteur Gilles Lelouche.