Eng spektakulär Revanche an de Vikingerzäit an en Documentaire aus Lëtzebuerg si bei de Filmer vun dëser Woch dobäi. De Fränk Grotz erzielt eis wat Neies am Kino leeft ...

20/04/2022 Nei am Kino

THE NORTHMAN vum Robert Eggers mam Alexander Skarsgård 

The Vikingerprënz Amleth gespillt vum Alexander Skarsgård muss nokucken wéi säi Monni säi Paap ermuert an seng Mamm entféiert. Hie selwer kann entkommen a schwiert Revanche. De Robert Eggers, dee schonns mat The Lighthouse eng dicht Atmosphär op den Ecran konnt bréngen, proposéiert mat THE NORTHMAN en epesche Spektakel mat engem impressionante Casting.

THE UNBEARABLE WEIGHT OF MASSIVE TALENT vum Tom Gormican mam Nicolas Cage

RTL

De Nicolas Cage dee bekannt ass fir Schauspilleeschtungen tëschent Genie a Wansinn hëlt an THE UNBEARABLE WEIGHT OF MASSIVE TALENT säin eegenen Image op d’Schëpp. Fir vill Geld acceptéiert hien en Optrëtt um Gebuertsdag vun engem Milliardär. Dëse stellt sech awer als geféierlechen Drogeboss eraus an d’CIA gëtt dem Acteur eng Missioun wéi hien bis elo just aus sengen Actionrollen kannt huet.

THE LOST CITY vum Adam & Aaron Nee mam Sandra Bullock

RTL

D’Loretta schreift kitscheg Abenteuerromaner an den Alan ass de Mannequin dee fir d’Couverture vun de Bicher poséiert. Wéi Schrëftstellerin vun engem Milliardär entféiert gëtt dee mengt di geheim Stad aus hirem Buch géif et wierklech gin, probéiert den Alan senger fiktiver Roll als Held gerecht ze gin. De chaoteschen Duo den Sandra Bullock mam Shanning Tatum an der liichter Comédie THE LOST CITY interpretéiert ass laut eegener Ausso der Actrice hir leschte Filmroll virun enger laanger Paus.

LOST FLOWERS en Documentaire vum Fabrizio Maltese

RTL

Am Documentaire LOST FLOWERS erzielt de Fabrizio Maltese vun den dramateschen Ëmstänn ënnert deenen hien wärend der Pandemie vu Lëtzebuerg bei seng Famill an Italien huet misse reesen. Hien zeechent dobäi en intimistesche Portrait vu sengem Papp an der Léift di si verbënnt. No senger nationaler Premiere LuxFilm Fest fënnt di Lëtzebuerger Produktioun elo hire Wee an di regulär Programmatioun.