Nodeems d'Filmfrënn a Frëndinnen heiheem richteg laang op Cannes-Favorit Drive My Car hu misse waarden, ass elo ganz iwwerraschend e weidere Film vun deem nämmlechte japanesche Realisateur um groussen Ecran ze gesinn. Den Tom Dockal huet Wheel of Fortune and Fantasy gesinn a stellt en als Film vun der Woch vir.

16/04/22 Film vun der Woch WHEEL OF FORTUNE AND FANTASY 9h15

D'Sortie vun engem weidere Ryusuke Hamaguchi Film ass tatsächlech iwwerraschend. Bon, säin Drive My Car krut virun e puer Wochen en Oscar an der Kategorie vum Best International Feature, mee wéinst dem Zauber ronderëm de Will Smith erënnert sech kee méi dorunner. Mee iwwerraschend bleift et awer. Et ass nämlech dem Hamaguchi säi Film virun Drive My Car - op der digitaler Berlinale 2021 presentéiert a priméiert - an iwwerraschen och, well japanesche Kino ganz einfach net esou dacks bei eis op de groussen Ecrane vertrueden ass.

Wärend Drive My Car soi-disant eng Geschicht iwwer dräi Stonnen erzielt, esou ginn am Wheel of Fortune and Fantasy dräi Geschichte gezielt. An all a Kapitel agedeelt Geschicht, Kuerzgeschicht, wann een esou well, huet eng Dauer vu 40 Minutten. Eng Geschicht ass déi vun engem onerwaarten amouréisen Dräieck, dann erzielt den Hamaguchi vun enger Verféierungsfal, iert sech ofschléissend am drëtten Deel zwéi Mënschen aus dem Näischt an aus engem Mëssverständnes eraus begéinen.

RTL

© Neopa/Fictive

D'Personnagen am Zentrum vun deenen dräi Kuerzgeschichten si Fraepersonnagen an de Ryusuke Hamaguchi deklinéiert dräimol Decisiounen, déi sinn emol geholl hunn, a weist wéi si mat de Konsequenze vun deenen Decisioune liewen a mat wat fir enge Regreten si duerch d'Liewe ginn. Wann et dann och sollt laang ginn, ass en double-feature Owend zesumme mat Drive My Car keng esou eng schlecht Iddi. Well béid Filmer si perfekte Beispiller vun immens gutt geschriwwene Zenarioen.

RTL

© Neopa/Fictive

Fir säin oscariséierte Film huet hien eng Murakami-Kuerzgeschicht vun 30 Säite salopp gesot laang gezunn, mee hei presentéiert hien dräi konzis an op de Punkt presentéiert Geschichten, déi all eenzel an aneren Hänn op zwou Stonne gezu géife ginn. An awer fillt sech all Geschicht, Episod, Mouvement - wéi och ëmmer - esou richteg a voll un. Et ass natierlech immens rouege Kino, dee mat enger soberer mise en scène virop Dialogsituatiounen an der Vierdergrond stellt, mee et ass onmëssverständlech Kino. Keng Adaptatioun vun enger literarescher Virlag, mee dem Hamaguchi säi Versuch selwer Literatur ze schafen, just mat enger Kamera geschriwwen. Net verpassen.