En däischteren Thriller mam Benoît Poelvoorde an en iranesche Roadmovie lafen ënnert anerem nei am Kino un. De Fränk Grotz mat de Sortien vun dëser Woch …

27/04/2022 Nei Am Kino

INEXORABLE vum Fabrice du Welz mam Benoît Poelvoorde

Den Auteur, Marcel Bellmer gespillt vum Benoît Poelvoorde genéisst e paisibelt Liewen mat senger Famill. Wéi d’Gloria, eng mysteriéis jonk Fra als Babysitter ugestallt gëtt geréit d’Situatioun awer ausser Kontroll. Inhaltlech inspiréiert un Erotikthriller aus den 80er an 90er Joren a visuell no um italieneschen Giallo, proposéiert Inexorable vum Fabrice du Welz eng nei Vue op ee bekannten Genre.

OPERATION MINCEMEAT vum John Madden mam Colin Firth

RTL

Wéi déi Alliéiert 1943 plangen op Sizilien ze débarquéieren, schéngt de Plang liicht ze duerchkucken. Zwee englesch Offizéier entwéckelen dofir en onkonventionelle Plang fir Nazi-Däitschland op enger aner Piste ze bréngen. Operation Mince Meat vum John Madden erzielt eng dramatesch a spannend Episode aus der Geschicht mat enger Pouz britteschem Humor.

 HIT THE ROAD vum Panah Panahi mam Pantea Panahiha

RTL

Eng iranesch Famill op engem Road Trip: De Papp huet e Been am Gips an d’Mamm a de jéngste Bouf verbreede gutt Laun. Mee hannert der entspaanter Rees verstoppt sech eng eescht Ursaach bei där et em den eelste Brudder geet. De vill fach ausgezeechente Realisateur Panah Panahi konnt sech mat sengem neie Film HIT THE ROAD och d’Präisser vum Publikum an der Kritik um Luxfilmfest sécheren.

LES SEGPA vum Ali & Hakim Bougheraba mam Ichem Bougheraba

RTL

Eng Grupp Schüler gëtt aus hirem aktuelle Gebai erausgehäit a iwwerraschend an engem prestigiéise Collège opgeholl. Den Direkter vun hirer neier Schoul huet awer net wëlles sech laang mat hinnen opzehalen. Wéi d’Kollegen dat gewuer gin wëllen si beweisen dat si och kënne bestoen. Les Segpa ass eng liicht Comédie déi sech op d’Säit vun de schwaache Schüler wëll stellen. Op dëst mat esou karikaturale Personnage geléngt bleift nach ze kucken.