Eng Lëtzebuerger-Schwäizer Koproduktioun an eng nei Aventure vu Marvel lafen dës Woch am Kino un. De Fränk Grotz mat den neie Sortien ...

04/05/2022 Nei am Kino

DOCTOR STRANGE IN THE MULTIVERSE OF MADNESS vum Sam Raimi mam Benedict Cumberbatch

Den Doctor Strange gespillt vum Benedict Cumberbatch mécht mat engem verbuedenen Zaubersproch d'Dier zum Multiversum op. D'Konsequenze heivunner sinn awer méi düster wéi erwaart an sou muss de Marvel-Held ënnert anerem mat verschiddene Versioune vu sech selwer kämpfen. DOCTOR STRANGE IN THE MULTIVERSE OF MADNESS ass eng 170 Milliounen-Dollar-Produktioun déi spektakulär Biller versprécht.

DOWNTON ABBEY: A NEW ERA vum Simon Curtis mam Maggie Smith

RTL

DOWNTON ABBEY: A NEW ERA ass den zweete Kinosfilm zu der erfollegräicher Serie ronderëm eng englesch Adelsfamill an hir d'Hauspersonal. Fir Onrou am nobelen Ëmfeld suergen dës Kéier eng mysteriéis Ierfschaft an e Filmtournage an den historesche Gemaier vun der Abtei. Och nees mat dobäi ass d'Dame Maggie Smith an der Roll vum Violet Crawley.

 ARTHUR RAMBO vum Laurent Cantet mam Rabah Naït Oufella

RTL

De Karim en engagéierte Auteur feiert grad säi groussen Duerchbroch, wéi bekannt gëtt dat hien ënnert dem Pseudonym ARTHUR RAMBO op Tweeter eng Onmass u rassisteschen an homophobe Message publizéiert huet. De Laurent Cantet den 2008 fir de Schouldrama Entre les Murs mat der Palme d'Or ausgezeechent gi war, inspiréiert sech hei un der reeller Affär aus dem Joer 2017 a probéiert déi extrem Géigesätz vum Personnage ze analyséieren.

UNE HISTOIRE PROVISOIRE vum Romed Wyder mam Felipe Castro

RTL

De Sacha verléisst seng Frëndin a kënnt provisoresch am Airbnb vu senge Grousselteren ënner. Zu senger Iwwerraschung wunnt hei awer schonn d'Marjan eng iranesch Fra déi och an enger relationeller Crise ass. Wéi d'Mina gespillt vum Elisabet Johannesdottir nach dobäi kënnt, schéngt déi ugangs schwiereg Wunngemeingschaft sech lues a lues ze entspaanen. UNE HISTOIRE PROVISOIRE ass eng Lëtzebuerger Co-Produktioun realiséiert vum Schwäizer Romed Wyder.