Kuerz viru Cannes ass e fréiere Gewënner vun enger Gëllener Palm am Kino erëmzefannen. De franséische Realisateur Laurent Cantet krut 2008 fir Entre les murs de prestigiéise Filmpräis. Elo huet e sech mat engem knackeg kuerze Film gemellt, deen alt nees beweist, dat een Interêt huet, net all Kappfuerz um Internet vu sech ze ginn. De Film heescht Arthur Rambo. Net, Rimbaud, mee Rambo. Den Tom Dockal  méi zu dësem Film vun der Woch.

Arthur Rambo baséiert op engem fait divers vu virun e puer Joer. De Karim D. ass e jonken Auteur aus der Paräisser Banlieue, dee mat sengem éischte Roman richteg Welle schléit. Hie beschreift mat vill Empathie a Justesse d'Liewensgeschicht vu senger Mamm. Eng algeresch Mamm, déi hire Wee a Frankräich fonnt huet. D'algeresch Communautéit fënnt a sengem Schreiwes Versteesdemech an ass dem Karim dankbar fir d'Bild, wat en vun hir zeechent. Den Editeur ass och richteg frou, huet en e Bestseller am Grapp. An no enger televiséierter Kulturemissioun, wärend där de Karim en immens gudden Androck hannerlooss huet, gëtt, fir dat ze feieren, eng grouss Party organiséiert. Mee just wärenddeem hien ufänkt ze danzen, kritt hien déi éischt Notifikatiounen op sengem Smartphone. Al Tweets vum Karim, ënnert dem Pseudonym Arthur Rambo verfaasst, kommen un d'Surface. Rassistesch, antisemitesch, homophob - alles dat dréckt him am Laf vun e puer Stonnen den Hals zou a riskéiert, seng literaresch Karriär op en Enn ze bréngen.

Dem Laurent Cantet seng Filmer hate schonn ëmmer e dokumentaresche Geste. Sief et dat seng fréier Filmer vun der Relatioun Abléck Liewen an Aarbechtswelt erzielt hunn - eng Plaz, déi säithier de Stéphane Brizé gefëllt huet - oder säit Entre les murs Filmer déi méi oder manner jonk Personnagen an de Zentrum gestallt hunn. Dacks steet d'Klassefro am Raum. An dat ass och elo an Arthur Rambo esou. De Cantet  a senger kuerzer Lafzäit vill an. Dat huet zum Virdeel, dat een zimmlech séier erop an nees erofgeschleidert gëtt mam Personnage. De gréissten Nodeel ass déi leider éierbar Manéier, zu kengem Ament Haltung wëllen ze huelen. Dem Cantet säi Film kritt, well e sech iergendwéi observatoresch dokumentaresch versteet nees, eng didaktesch léierhaft Nout, déi de Film trotz senge knapp eppes iwwer 80 Minutte schwéierfälleg an an d'Längt zitt. Arthur Rambo verkënnt zu engem Ophänkert fir eng Dissertatioun an der Schoul zu de Sujeten "social media", "cancel culture", liberté d'expression a wou d'Grenze vun allem sinn.

RTL

© Memento Distribution

Mee Arthur Rambo ass och e gutt Beispill dofir, wéi schwéier et ass, d'Verhältnis zur digitaler Welt an Zeen ze setzen. Trotz allem bleift de Casting, virop dee vum Rabah Nait Oufella als Karim, mee och dee vun der Mamm an dem jonke Brudder, Highlight vum Film. Ewéi esou dacks a Cantet Filmer. Virop, well d'Familjendynamik kristalliséiert, ëm wat et an Arthur Rambo - vläicht ze spéit - wierklech geet: de soziale Stempel ass ee fir d'Liewen, a wann een eropklamme sollt - de faux pas gëtt engem net entschëllegt.