E Cabaret um Bauerenhaff an de Portrait vun enger Stewardess sinn des Woch am Kino ze gesinn. De Fränk Grotz mat den neie Sortien ...

11/05/2022 Nei am Kino

LES FOLIES FERMIERES vum Jean-Pierre Améris mam Alban Ivanov

Dem David gespillt vum Alban Ivanov säi Bauerenhaff steet kuerz virun der Faillite. Fir de Betrib ze retten kënnt hien op déi aussergewéinlech Iddi aus der Scheier e Cabaret ze maachen. Dat ausser him selwer keen esou richteg vun der Saach iwwerzeegt ass iwwerrascht dobäi wéineg. LES FOLIES FERMIERES vum Jean-Pierre Améris baséiert op enger reeller Geschicht a mécht bei allem Witz och op déi schwiereg Situatioun vun de Baueren opmierksam.

RIEN A FOUTRE vum Julie Lecoustre an Emmanuel Marre mam Adèle Exarchopoulos

RTL

RIEN A FOUTRE vum Julie Lacoustre an Emmanuel Marre erzielt d'Liewen vun enger Stewardess bei enger Low-Cost Gesellschaft. Obwuel déi Jonk Fra gespillt vum Adèle Exarchopoulos vum schnelle Liewen tëschent verschiddene Länner profitéiert, bréngen de Mangel u Léift an Empathie a hirem Ëmfeld si lues a lues un hir Limitten. Ronderëm d'Haaptactrice hunn hei nach eng Rëtsch reell Personnagen aus dem Beruff matgespillt fir de Film esou realistesch ewéi méiglech ze maachen.

LEAVE NO TRACES vum Jan P. Matuszynski mam Tomasz Zietek

RTL

1983 gëtt am kommunistesche Polen e Student vun der Police Doud geschloen. De Regime vum Generol Jaruselzki probéiert d'Affär ënnert den Teppech ze kieren. Mee de Jurek den eenzegen Aenzeie vun der Dot ass bereet géint d'Polizisten auszesoen a gëtt domadder zum Staatsfeind. LEAVE NO TRACES vum Jan P. Matuszynski ass e Thriller den op historeschen Evenementer baséiert.

LUNANA: A YAK IN THE CLASSROOM vum Pawo Choyning Dorji mam Sherab Dorji

RTL

E jonke Schoulmeeschter am Buthan gëtt an déi ofgeleeënst Schoul vum Land versat. Déi spartanesch Liewenskonditioune sinn fir hien nëmme schwéier ze erdroen. Zemol säi groussen Dram eigentlech ass an Australien auszewanderen an do eng Gesangscarriere ze maachen. Mee lues a lues wuessen him dat klengt Duerf a seng Kanner un d'Häerz. LUNANA: A YAK IN THE CLASSROOM spillt an enger spektakulärer Naturkuliss a war dëst Joer ënnert de Oscar-Nominéierten fir beschten internationale Film.