Kee Blockbuster, keng Comédie, keng Animatioun, kee Thriller ass de Film vun dëser Woch. Obwuel d'Spannung am Lëtzebuerger Documentaire "Crise et chuchotements" iwwer d'Finanzkris vun 2008 och 14 Joer dono nach ze spieren ass. D'Christiane Kremer huet e gekuckt.

21/05/2022 Film vun der Woch Crise et chuchotements (Internet)

D'Handlung spillt an engem Zäitkader vu knapp zwou Wochen. De grousse Spannungsament souguer nëmmen d'Zäit vun engem "verlängerten" Weekend, mee deen hat deemools mat sech bruecht, datt ganz Europa den Otem ugehalen huet, an dësem Fall vrun allem d'Benelux-Staaten an eist Bankeland Lëtzebuerg am besonneschen.

No der Faillite vun der renomméierter amerikanescher Bank Lehman Brothers den 15.  September 2008, war d'Nervositéit weltwäit ze spieren. De Grond waren déi sougenannten Subprimes, risikoräich Krediter fir Immobilien an den USA, déi op eemol net méi ze rembourséiere waren.

Freides den 26. September 2008 ass de Bols och zu Lëtzebuerg héichgaangen, fir d'éischt bei der fréierer Banque Générale, déi zum belsch-hollänesche Grupp Fortis gehéiert huet. D'Angscht vrun dem Manktem u Liquiditéit an dem Drock vun de Clienten hir Sue wëllen opzehiewen, hunn um Enn derzou gefouert, datt d'Regierungen hu mussen agräifen. Kaum war sonndes dat mat der Fortis fir 4,5 Mia vum Lëtzebuerger Staat aus gereegelt, ass an der Nuecht vu sonndes op méindes den Alarm och bei der fréierer BIL gaangen, déi zum franséisch-belsche Grupp Dexia gehéiert huet. Och hei hunn déi 3 Regierungen agegraff, Lëtzebuerg mat 376 Mio€.

 

An de ganze chronologeschen Zenario  vun deemools spigelt sech an dësem Documentaire vum Jossy Mayor an dem Laurent Moyse erëm, dat unhand vun enger laanger Rei vun Aussoen an Interviewen, déi mat den Acteuren vun deemools: Politiker, Banquieren, Economisten, Responsabelen,Journaliste gefouert goufen.

Dat ass um Ufank eng Mass un Informatiounen, déi een als Laien emol verschaffe muss, besonnesch well een dertëschent kaum Relâche kritt, mee mat der Zäit ass een dran am Thema an der Ambiance vum Ament vu Kris vun 2008, deen déi meescht jo selwer materlieft hunn. Wéi war dat scho méi a wat ass do verhandelt ginn a geschitt? De Spannungsbou baut sech op an d'Aussoen wéi de Verglach mat der Fabel vum Lafontaine vum Fräsch, déi sech opblose wëll wéi de Stéier, fir déi schlecht Gestioun z'illustréieren, hëllefen engem drunzebleiwen a vrun allem och ze spieren, wéi deemools gehandelt an ëmfonnt gouf. Emotionalen Ament ass sécher de Constat, datt een sech als Bankemënsch net méi an d'Ëffentlechkeet getraut huet.

70 Minutten dauert de Film "Crise et chuhotements", deen am Titel eng Uspillung un e Bergman-Klassiker ass. Dann ass d'Kapitel ofgehaakt. D'Reperkussioune vun der Kris vun 2008 awer nach net, ëmmerhin schénge mer zënter deemools aus de Krisen net méi erauszekommen.

De Film "Crise et chuchotements" leeft zënter e Mëttwoch am Kino.