En Horrorfilm mam Ethan Hawke an e Biopic iwwert de Elvis lafen des Woch am Kino un. De Fränk Grotz mat den neie Sortien ...

22/06/2022 Nei Am Kino

ELVIS vum Baz Luhrmann mam Austin Butler

En hollänesche Museksproduzent den an d'USA ausgewandert ass an sech do Colonel Tom Parker nennt gëtt 1955 op de Elvis Presley opmierksam. Mat senger déiwer Stëmm an engem Hëftschwong deen zu där Zäit als subversif gëllt, léist de jonke Museker bei de Fans eng Hysterie aus. De Parker erkennt de Potential vum Kënschtler a managed hien vun do unn bis zu sengem Doud am Joer 1977. ELVIS mam Austin Butler an Tom Hanks ass ee spektakuläre Biopic vum Buz Luhrmann deen net nëmmen d'Liewen vum King of Rock Roll mee och de gesellschaftleche Wandel an de USA beliicht.

THE BLACK PHONE vum Scott Derrickson mam Ethan Hawke

RTL

Den Teenager Finney Shaw gëtt vun engem sadistesche Mäerder entfuert an agespaart. Seng hoffnungslos Situatioun ännert sech awer wéi e futtissen Telefon den un der Mauer vum däischtere Keller hänkt op eemol schellt. Um aneren Enn vun der Leitung sinn Stëmmen vum Killer senge fréieren Affer ze héieren déi dem Finney wëllen hëllefen. The Black Phone mam Ethan Hawke inspiréiert sech un enger Kuerzgeschicht vum Stephen King sengem Fils Joe Hill an um gewalttätege Milieu vu der Stad Denver an der de Realisateur Scott Derrickson an de 70 Joren opgewuess ass.

LA RUCHE vum Christophe Hermans mam Ludivine Sagnier

RTL

Dat elengerzéiend Alice, gespillt vum Ludivine Sagnier, leit un enger bipolarer Stéierung déi d'Kandheet an d'Jugend vun sengen dräi Duechteren staark markéiert. De Stëmmungsschwankungen vun der Mamm, déi ëmmer méi drastesch ginn kënnen d'Meedercher nëmmen hier Léift entgéint setzen. An sengem éischte Long-métrage LA RUCHE adaptéiert de belsche Realisateur Christophe Hermans e Roman vum Arthur Loustalot a verschafft d'Erënnerungen un seng eege Mamm déi och un dëser Krankheet gelidden huet.