Dräi Filmer si säit e Mëttwoch nei am Kino an awer war anscheinend scho laang net méi esou einfach, de Film vun der Woch auszesichen. D'Frënn an d'Net-Frënn vum amerikanesche Muséks-Biopic dierften iwwer zwou an hallef Stonne laang op hir Käschte komme fir e Film, deen usech alles mat sengem Titel seet. Elvis. Den Tom Dockal versicht e puer Gedanken zu deem monolitheschen Numm a virun allem der monolithescher Figur hannert dem Numm ze formuléieren.

25/06/22 Film vun der Woch ELVIS 9h15

Jidderee kennt den Elvis. Jidderee weess kennt dat eent oder anert Lidd. Jidderee weess, dat e mat der Hëft gewackelt huet. Jidderee weess, dat en géint der Schluss vu sengem kuerze Liewen onheemlech ausernaner gaangen ass. Wat weess een eigentlech net iwwert den Elvis? Dofir si Biopics ënner anerem dofir do, dat de Mënsch um Regiestull sech fir e eppes ganz besonnesch interesséiert un der vun him oder hir portraitéiert Figur. De Pablo Larrain huet sech ganz konkret fir d'Isolatioun vum Diana am brittesche Kinnekshaus interesséiert, fir den Damien Chazelle war d'Moundlandung eng Manéier fir den Neil Armstrong, en Deuil ze maachen. Wat mécht den Australier Baz Luhrmann? De mécht, ewéi wa säit Moulin Rouge keng Zäit vergaange wier, a schéisst mat senge gréisste Kanounen, déi hien am Tirang verstoppt hat. Méi Baz Luhrmann ewéi Baz Luhrmann - Elvis huet kéinten, for better or for worse, just vum Baz Luhrmann realiséiert ginn

Jo, natierlech ass Elvis och dat, wat den Titel versprécht. An net ze mann. Bal 2 Stonne 40 Elvis mat vill Musek a vill Gewackels a vill Exzess a Glitzer. A wann dat emol duerch Bazmatazz-Regiewollef gedréckt gëtt, dat gëtt dat alles natierlech op 100 000 eropgezunn. Elleng d'Ouvertureszeen ass scho vum Montage an dem Soundmix an iwwerhaapt allem esou iwwerwältegend, dat een Angscht huet, dat engem seng Sënnesorganer riskéiere, Schachmatt geluecht ze ginn. Mee de Baz Luhrmann ass och net méi de Jéngsten a muss heiansdo emol Loft huelen.

RTL

Elvis erzielt virop vum mephistopheleschen Akt tëscht dem Entertainer a sengem Manager. Béid Acteuren hannert deene Figuren, den Austin Butler an den Tom Hanks sinn immens. Enfin, de Butler ass immens, iwwert dem Hanks seng Prestatioun wäert sech gestridde ginn. Wouriwwer net wierklech bis ewell geschwat gëtt ass och dat, wat de Film, wann et gutt geet, grad esou just iwwerflitt. Dem Elvis seng Relatioun zu black music gëtt vun alle Säiten, och vu Säite vun de schwaarze Museker akzeptéiert, wat héichstbedenklech ass. An dat d'Priscilla mannerjäreg war, ewéi sinn den Elvis bestuet huet ass null thematiséiert. Leider. Dofir den Elvis awer als grouss Aussesäiter a Rebelliounsfigur z'inszenéieren ass wuel éischter e Code vum Musékerbiopic ewéi soss eppes. Dem Elvis kann ee villes zouschreiwen, mee dat en musikalesch nei Weeër gaangen ass an en insgeheim e Punk war, dovunner brauch een net auszegoen. Dir mierkt, iwwert den neie Baz Luhrmann Film wäert een sech an den nächste Woche gutt mat Gusto streide kënnen, mee eppes ass kloer: et ass eng Kinoserfarung, déi een esou just um groussen Ecran voll wäert genéissen oder haasse kënnen. Wackelt är Hëften an de Kino. C'mon c'mon.

RTL