Eise Film vun der Woch hei op der Antenne bréngt eis an dat italienescht Kalabrien. Respektiv an déi wuertwiertlech déifsten Déifte vu Kalabrien. De Film Il buco, dee säit e Mëttwoch am Ciné Utopia, versprécht, esou mengt et emol den Tom Dockal, déi apaartste Kinosexperienz vum Joer ze ginn.

02/07/22 Film vun der Woch IL BUCO 9h15

Wéi soll een iwwert e Film schwätzen, wann am Film selwer net geschwat gëtt. 90 Minutte laang. Vläicht wier jo tatsächlech alles gesot, an deem een einfach näischt seet? Dat ass wuel oder iwwel awer leider keng Optioun um Radio. Wann de Silence laang genuch ass, spréngt entweeder en Noutband un oder den Animateur oder d'Animatrice iwwerhëllt a bréngt eng stomm Filmbespriechung op en Enn. De Silence a Radio gi leider ni Frënn. Well wat ass d'Legitimatioun vum Radio, wann een net héiert? Gutt, dat de Kino e visuellt Medium ass. Och dat vergësst witzegerweis de Kino dacks. Ma duebel gutt also, dat de Michelangelo Frammartino a säin Il buco een nees drun erënneren.

Och wann am Frammartino sengem neie Film - deen éischten an 12 Joer iwweregens - net geschwat gëtt, esou ass et nach laang kee Stommfilm. Loin de là. Mir treffen eis Protagoniste vum Film an de fréien 1960er, ewéi se mam Bus am déifste Kalabrien ukommen. D'Duerf ass nach net vollstänneg elektriséiert, mee am Duerfkär leeft eng Telé an där Biller vu Mailand ze gesi sinn an dat d'Stad héich erop wëll. Riseg héich Haiser gi gewisen, déi do aus dem Buedem kommen. D'Ironie vun der Saach ass, dat d'Compagnie, déi mam Bus komm ass, eng vu Speleologen ass. Hölefuerscher, déi Kadasteraarbecht maache komme vun enger Spléck am Buedem ganz no bäi. Et gëllt erauszefannen, wéi déif dat Lach am Buedem geet an dat auszemoossen. Mee d'Fuerscher ginn observéiert. Vum Hiert, deen an der Ëmgéigend no senge Véi kuckt a vu Kanner.

RTL

© Les films du losange

Slow Cinema ass e ganz vage Begrëff. Vertrieder vun deem Worf Kino sinn net dacks am reguläre Kinosprogramm ze gesinn. Wann et dann nach en Highlight vun der leschter Mostra vu Venedeg ass - e krut do de spezielle Jurypräiss - da muss deen heiten doriwwer schwätzen. Well menges Eruechtens no versprécht Il buco net just déi apaartsten, mee och déi poeteschst Kinoserfarung vum Joer ze ginn. De Kino versprécht dacks Vakanz an onbekannte Regiounen, mee Il buco versprécht Vakanz vun engem selwer. Offréiert eng transzendental Experienz, ouni an dat esoterescht ze goen. Wäit ewech vum Terrence Malick huet de Michelangelo Frammartino eng Manéier fonnt, Kino ze maachen, déi seng eegen ze schénge wierkt. Froe vu Sënn an Onsënn vun allem a jidderengem ginn opgehuewen a jidderee muss säint Eraushuelen aus Il buco. Oder natierlech ewegnäipen. Och wann ech dat éischter manner recommandéieren. A wann et just wéint dem Renato Berta seng epoustouflante Biller ass, bei deenen een sech heiansdo freet - virun allem an der Höl - wéi se nëmmen zustane koumen. Usech misst een Il buco op engem IMAX Ecran kucken, mee déi éischt zwou Reien am Sall mussen elo leider duergoen. Et ass leider net wierklech Zäit elo fir grouss auszehuelen, dofir huelt mäi Rot fir boer Mënz a laaft Il buco kucken.

RTL

© Les films du losange