D'grouss Vakanz steet virun der Dier an och kalennerméisseg si mer säit iwwer zwou Wochen offiziell am Summer. Wat ass dann eigentlech de Programm vum Kinoblockbustersummer. Et gesäit dono aus, ewéi wann d'Minions an d'Marvel Superhelden een elo duerch d'Summerméint bréngen. Den Tom Dockal huet op alle Fall Minions: The Rise of Gru a Thor: Love & Thunder als Filmer vun der Woch erausgesicht.

09/07/22 Filmer vun der Woch - Minions: The Rise of Gru & Thor: Love & Thunder

Dat de Covid d'Mechanisme vum amerikaneschen Hollywoodblockbuster opgerëselt huet ass esouwäit bekannt. Filmer, déi de Kino retten an de Kinosbesuch nees sexy maache sollten, si gefloppt, aner Filmer sinn direkt op Streamingplattforme gelant an nach aner Filmer si simultan am Kino ugelaf an am VOD ugebuede ginn. D'Distributeuren, virun allem awer d'Studioen hunn alles versicht. Wann eppes awer kloer ginn ass, dann ass et d'Tatsaach, dat de Kinosbusiness - wat déi grouss Maschinnen ugeet - vill méi volatil an onberechenbar ginn ass.

D'Minions an d'Produktiounsboîte Illumination ware gedëlleg an hunn - genee ewéi den Tom Cruise a säin Top Gun: Maverick - zwee Joer laang gewaart, iert se de Film an de Kino lassgelooss hunn. Wuelverstanen, an de Kino an net op eng Streamingplattform. Pixar/Disney ass et anescht ugaangen. Luca an Turning Red sinn direkt op Disney+ verschachert ginn an eréischt Lightyear, dee bizaren Toy Story Spinoff-Film war nees um groussen Ecran. Resultat: d'Disney-Fans hunn decidéiert, ze waarden, bis dat de Film op d'Plattform kënnt. Esou séier ass d'Konditionéierung gaangen. D'Minions wëschen op alle Fall a Rekordzäit mat Pixar de Buedem. De Cruise huet dat nämmlecht mat den Dinosaurier an de Superhelde gemaach. Wéi vill vun deem Succès d'Meme-Culture ausmécht - déi dozou gefouert huet, dat Jonker an Owesgezei d'Minions kucke ginn - ass net gewosst. D'Marketingleit sinn op alle Fall ratlos.

De Film selwer ass usech méi vun deem Nämmlechten. De Plot ass hauchdënn, de Gru bleiwt quantité négligeable, ma aus iergendengem Grond sinn d'Minions d'Ierwe vun der Slapstickschoul ginn. An op Slapstick ass, egal wéi domm, ëmmer Verlooss. Natierlech ass et schued, wann d'Famillen hir Kanner just esou eppes kucke goe loossen, mee och dat huet seng Daseinsberechtegung. Mee et ass Fastfood. A mam Fastfood soll een et bekanntlech net iwwerdreiwen.

De véierten Thor Marvel Volet mam sympathesche Chris Hemsworth an der Haaptroll schéngt eppes fäerdeg ze bréngen, wat säit Laangem kee Marvel Film hikrut huet. An zwar d'Kritiker-Blos an de Publique am mitigéierten Ophuele vum Film ze reunéieren. Jo, den Taika Waititi recycléiert Witzer aus Ragnarok - wat den James Gunn a senger Guardians of the Galaxy Suite och gemaach huet -, jo, Love & Thunder ass net esou frësch, an awer. Hien deklinéiert säi Superheldefilm als Rom-Com a bréngt dramaturgesch Beats mat an d'Spill, déi säit Endgame net do waren: de Versuch, Emotiounen ervirzeruffen, déi net just wéinst engem Cameo-Optrëtt generéiert. Ech bleiwen dobäi, dat Love & Thunder villes richteg a virun allem Spaass mécht. An de Christian Bale ass creepy. Sou oder sou, take it or leave it, dat ass en elo, eise Blockbustersummer.

RTL

© Marvel