En originellen Amerikaneschen Actionfilm an dräi ganz verschidden europäesch Filmproduktiounen lafen zënter Haut an de Kinoen uechter d'Land. De Loïc Tanson huet déi nei Filmer ënnert d'Lupp geholl.

EVERYTHING EVERYWHERE ALL AT ONCE vum Daniel Scheinert, Daniel Kwan mam Michelle Yeoh

EVERYTHING EVERYWHERE ALL AT ONCE  erzielt d’Geschicht vum Evelyn Wang. Si ass am Dauersträit mat der eegener Famill, schafft déi ganzen Zäit an trotzdeem huet si Scholden ouni Enn. Si fënnt sech enges Daags an de verschiddenste Paralleluniversumen zeréck wou si all di Liewen geséit déi si hätt kenne feieren, an trotzdeem leet all Wee bei hier Famill zeréck. An dësem originellen  Actionfilm huet d’Michelle Yeoh d’Haaptroll.

 

JOYEUSE RETRAITE 2 vum Fabrice Bracq mam Michèle Laroque

 

RTL

Nom Erfolleg vun der Komedie JOYEUSE RETRAITE mam Michèle Laroque an Thierry Lhermitte huet eng Suite net laang op sech waarde gelooss. 3 Joer no hire leschten Aventuren fannen déi pensionéiert Grousselteren sech mat hiren zwee Enkelkanner a Portugal an der Vakanz zeréck wou si vun hirem néien Haus wëlle profitéieren. Wann Kanner hinnen awer op eemol verluer ginn fänkt e reegelrechten Alpdram un. JOYEUSE RETRAITE 2 ass vum Fabrice Bracq realiséiert.

 

NAHSCHUSS vum Franziska Stünkel mam Lars Eidinger

 

RTL

Am däitschen Drama NAHSCHUSS geet et em e bekennende Kommunist mam Numm Franz Walter dee no a no an e Netz vun Ënnerdréckung an Erpressung an der DDR geréit wann hien vum Geheimdéngscht rekrutéiert gëtt. Den exzellente Lars Eidinger huet d’Haaptroll an dësem psychologeschen Thriller.

 

AS BESTAS vum Rodrigo Sorogoyen mam Marina Foïs

RTL

AS BESTAS ass de néie spannenden an intimen Drama vum Rodrigo Sorogoyen mam Denis Menochet a Marina Foïs an den Haaptrollen. Si spillen den d’Olga an den Antoine, eng franséisch Koppel déi zënter laangem a Galizien lieft. Si hunn e Bauerenhaff a restauréieren al Haiser. Si féieren awer alles mä keng idyllesch Existenz, well e schlëmmen an tragesche Konflikt mat hire Noperen ouni Auswee schéngt.