Superhelde brauchen och emol Hëllef, gutt, datt et dofir Super-Hausdéiere gëtt. Sou einfach kann een den aktuelle Kino-Hit "DC-League of Super Pets" resuméieren, dee grad gutt fir d'grouss Vakanz an de Kino kënnt. Ob den Animatiounsfilm dann och de Publikum, dee Jonken an dee manner Jonken, begeeschtere kann, probéiere mer am Film vun der Woch erauszefannen. D'Christiane Kremer war e kucken.

30/07/2022 Film vun der Woch "DC League of Super-Pets" INTERNET

Wien net grad zu der grousser Fangemeinschaft vun den Marvel-Comic-Figuren op der enger an den DC-Comic-Figuren op der aner Säit gehéiert, deet sech emol besser drun, de klengen Ënnerscheed ze verstoen, ier e sech an d'Aventure stierzt. Déi zwee grouss amerikanesch Comic-Verlager sinn zënter den 1930er Joren an deem Beräich aktiv. DC huet mat Superman a Batman ugefaangen a Marvel mat Captain America a Spiderman nogezunn an et koumen op béide Säiten der Helden an Heldinnen ëmmer nach no. An déi geeschtere jo schonn zënter Joerzéngten an alle méigleche Besetzungen iwwer d'Kinos-Ecranen. Oder als Animatiounsfiguren, wéi am aktuelle Warner Brothers-Film "DC League of Super-Pets".

Haaptfigur ass dem Superman säi Superhond Krypto. De Film fänkt u mat der Urgeschicht, an där de Superman vu sengen Elteren als Bebee vum Planéit Krypton op d'Äerd geschéckt gëtt, fir e virun der Zerstéierung ze retten. Am Film klotert de klenge Krypto mat dran. Vill méi spéit am Liewe baut de Mupp awer ëmmer méi Jalousie op, well hien net verdéit wéi säi Meeschter sech mam Lois verlobe wëll. An dann taucht natierlech dee Béisen Lex Luthor op. De Krypto, deen nei Frënn am Déierenasyl soll fannen, verléiert duerch en duerchdriwwent a muechtbesiessent Mierschwéngchen seng Superkräften. Dat bréngt et esouguer fäerdeg déi ganz Justice League vun de Superstaren mat ë.a."Wonder Woman" oder "Batman" anzespären. An och wann de Krypto mat dem Hond Ace, dem Hängebauchschwäin PB, der Deckelsmouk Merton an dem Kaweechelchen Chip, déi och all aussergewéinlech Kräfte kréien, alles mécht fir Metropolis a seng Helden ze retten, kommen se all a bedrolech Situatiounen.

Kléngt intressant a lëschteg an déi liicht verréckten Déiere gesinn dann och witzeg aus mat hire verschiddene Charakterzich an hire coole Spréch a Reaktiounen. Besonnesch d'Mierschwéngchen an den Ace gefalen do ganz gutt. Oder bei de Figuren de ganz melancholesche Batman, dee sech gär selwer bedauert.

Besonnesch um Ufank hunn ech déi eng oder aner Kéier gutt geschmunzelt. Dono verléiert sech awer alles a villen, an heiansdo iwwerdriwwenen, Action-Zeenen, wann een dat am Animatiounsfilm sou kann nennen. Schued, mir hätt nach e bëssi Charakterzeechnung an Dialog gefall.

Alles an allem awer en Aventurefilm, dee gutt an de Vakanzprogramm passt, mat bekannte Stëmmen an an deem den Scenarist Jared Stern weist, datt och Helden Schwächten hunn a Frënn brauchen

A jo, an onbedéngt sëtze bleiwen bis ganz um Schluss vum Film. Soss verpasst een nach e wichtegen Detail.