Wann e fréiere Stuntman e Film realiséiert an deem en ee vun de Staren, déi e selwer dacks gedoubelt huet, an der Haaptroll besetzt, da kann ee sech virstellen, datt et an deem Film nawell haart an hektesch hiergeet. A witzeg. Dat ass dann och de Fall fir dem David Leitch säi Film "Bullet Train" mam Brad Pitt an der Haaptroll. D'Christiane Kremer huet en als Film vun der Woch ausgewielt.

06/08/2022 Film vun der Woch "Bullet train"

Am Fong huet de fréiere Killer keng Loscht méi op killen, en ass an Therapie a probéiert dat Zen-Sinn och ze halen. An da kënnt do awer nach emol en Optrag fir de "Ladybug", dee mat Fëscherhutt a Fräizäitlook iwwer Telefon vun der neier Missioun informéiert gëtt. An déi kléngt einfach. Hie soll an engem Héich-Vitessen-Zuch a Japan, dem "Bullet Train" just en Aktekoffer huelen an déi nächst Statioun nees erausklammen. Kléngt am Fong einfach an deemno léisst de Ladybug dann och emol d'Waff, déi e soll derbäi hunn, am Schliessfach leien. Just an deem Zuch ass net nëmmen e Koffer, mee u Bord sinn och nach aner gelunge Gestalten, déi all eppes mam Koffer ze dinn hunn: E Mann deem säi Bouf attackéiert gouf, eng jonk Fra, déi et wuel op deen ofgesinn huet, de Lemon an den Tangerine- d'Zwillingen, déi sech alles anescht wéi gläichen, awer e kriddelechen Optrag hunn, an nach anerer Optraagsmäerder, déi ënnerwee eraklammen.

Kloer, datt et am Zuch vun Tokyo op Kyoto alles anescht wéi roueg an disziplinéiert bleift - sou wéi een dat aus de japaneschen Shinkansen-Zich eigentlech kennt. Hei fléien d'Fatzen, d'Fäischt, a vill cool Dialogen. Et ass eng bluddeg, witzeg Action-Comédie mat iwwerdréite Personnagen.

De Star-Ensembel mat un der Sprëtzt dem Brad Pitt dréit an dësem Summer-Kino-Blockbuster richteg op. Datt den Hollywood-Star och massiivt Comedy-Talent huet, weess ee schonn aus fréiere Produktiounen. Hei beweist en et weider. Awer net nëmmen hien och d'Joey King als äiskal Passagéierin u Bord a vrun allem d'Zwillingskoppel Aaron Taylor-Johnson a Bryan Tyree Henry doen ee méi wéi eemol gutt laachen.

De Realisateur David Leitch léisst et hektesch zougoen, kee Wonner, de Mann weess, wat en do mécht. Als Stuntman huet e jo eng Nues fir Action-Zeenen. 

D'Story baséiert op engem Roman a Thriller vum japaneschen Auteur Kotaro Isaka, de Film mécht awer seng eege Story draus. Deemno schonn iwwerraschend, datt um Enn just wéineg japanesch Acteure besat goufen. Wann och an net onwesentleche Rollen.

"Bullet train" ass sécher mol nees e Film, deen an d'Kinoe lackelt - sou gutt besat hunn ech de Sall laang net méi gesinn. 2 Stonne Full-Power ass awer vläicht dees gudden e bëssi vill a bis een all déi Charakteren a Leit richteg anuerdene konnt, brauch een och eng Grëtz. An da fiert e mat Héichgeschwëndegkeet - de "Bullet Train".