E ganz besonnesche Road-Movie ass dës Woch eise Film vun der Woch. An "The last bus" geet et ëm d'Rees am normale Linne-Bus vum nërdlechsten Duerf a Schottland bis op Land's End, am Südweste vu Cornwall. Am Film begleede mer en eelere Mann, deen nom Doud vu senger Fra dohinner zeréckgeet, wou se hir glécklechst Zäit verbruecht hunn. Christiane Kremer

13/08/2022 Film "The last bus"

John O'Groats leit un der Nordost-Spëtzt vu Schottland. An dëst Duerf huet et den Tom a seng Fra Mary viru laanger Zäit verschloen, well se aus hirer Heemecht Cornwall, do wou se sech kennegeléiert hunn, wollte fort. Elo ass d'Mary gestuerwen an den Tom, sou ëm 90, decidéiert d'Rees den anere Wee Richtung heem ze maachen, wéi hie senger Fra et versprach huet. Ganz akribesch plangt hien dësen Tripp, mam Bus, well e wëll mat senger gratis Buskaart fueren. Bei sech huet e just eng kleng Wallis op déi en de ganze Wee gutt oppasst. Ënnerwee erënnert e sech ëmmer nees u seng Fra an un hir gemeinsam Vergaangenheet.

Ënnerwee begéint e vu Statioun zu Statioun, vu Bus-Arrêt zu Bus-Arrêt a vu Bus zu Bus déi ënnerschiddlechst Leit a Situatiounen. Heiansdo erlieft e Frëndlechkeet an Hëllefsbereetschaft, heiansdo Gehässegkeet an Onverstand. Seng schrulleg Aart a Weis a säin Éiergäiz fir un d'Zil ze kommen fält ënnerwee op an ouni et ze wëssen, gëtt hien esou eppes wéi eng national Berüümtheet.

No den amerikanesche Blockbuster war et mer dës Woch emol no méi eppes Rouegem. "The last bus" leeft zwar schonn zwou Wochen am Kino, mee schonn d'Biller aus dem Trailer touchéieren een. Fir d'Roll vum Tom huet de Regisseur Gillies Mc Kinnan seng Drambesetzung am britteschen Acteur Timothy Spall fonnt, dee bekannt ass ë.a. als "Wormtail" aus den Harry-Potter-Filmer oder als Winston Churchill an "The King's Speech". De Spall spillt dobäi e Mann, dee gutt 30 Joer méi al ass wéi hien. Dat gléckt him op eng ganz touchant Aart a Weis, dozou gehéiert och en dezente Maquillage, deen hie ganz natierlech wierke léisst.

De Film huet fir mech alles, wat ech gär hunn: e Roadmovie, brittesch Landschaften, intressant Charakteren, ongewéinlech Situatiounen an deen een oder anere Flashback. An dach, wéi den Tom zu Land's End ukënnt, sinn ech net weider iwwerrascht, wat do op hie waart a firwat hien eigentlech dohi wollt. Der Geschicht feelt et e bëssi un Iwwerraschungsmomenter. Sécher wieren hei temporäich Zeene feel un der Plaz, mee déi vill Flashbacken widderhuele sech an heiansdo sinn de granzege Bléck an déi laang Momenter am Bus dach e bëssi fantasielos. 

An awer sinn déi annerhallef Kino-Stonn mam " Last Bus" eng gutt Manéier emol ze entschleunegen, nozelauschteren a matzefillen. Dat ass sécher de Verdéngscht vum Acteur Timothy Spall.