Wann ee vu Filmer iwwer déi éisterräichesch Keeserin Elisabeth schwätzt, da kommen engem natierlech d'Biller vun de Sissi-Filmer aus den 1950er Joren an de Kapp mat der ganz jonker Romy Schneider an der Haaptroll an a wonnerschéine Kleeder an Dekoren. Eng Roll vun där d'Actrice sech a spéidere Joren éischter distanzéiert huet. Hir géif sécher den aktuelle Film "Corsage" gutt gefalen mat der Vicky Krieps an der Roll vum Sisi. An net nëmmen hir. Och d'Christiane Kremer ass vum Film, dee gëschter an Avant-Première zu Lëtzebuerg gewise gouf, ganz iwwerzeegt.

03/09/2022 Film "Corsage" mam Vicky Krieps

Wien am Joer 1877 - d'Keeserin Elisabeth, déi jiddereen Sisi nennt an déi als Ikon vun der Schéinheet veréiert gëtt - feiert hire 40te Gebuertsdag. Deemools war dat fir eng Fra schonn e beträchtlechen Alter. Déi bescht Zäit eriwwer, wat sollt schonn nach kommen? Fir d'Keeserin heescht et awer weider schéin ze sinn an ze representéieren un der Säit vun hirem Mann dem Keeser Franz-Josef, dee mat Ungarn e Keeser- an e Kinnekräich regéiert. Seng Fra, déi eigentlech och gär géif hir politesch Meenung soen, muss sech zeréckhalen. Fir si gëllt sech weider an enk Kleeder a vrun allem an e fest zougestréckte Korseli ze zwéngen. D'Kleedungsstéck, dat hir Taille schmuel mécht an hir bal den Otem hëlt, steet symbolesch fir de gëllene Käfeg a vrun allem d'gesellschaftlech Konventiounen vun deemools. Ëmmer méi gesäit een der Keeserin of, wéi se leit a vrun allem sech wiere wëllt. Op der enger Säit Magersucht, op der anerer Säit sportlech a Form, op der enger Säit an aller Schéinheet representéieren, op der aner Säit d'Verreesen - d'Fortlafen. Wat se dovunner hält, weist se a seet se mat Gesten, Wierder, Zeenen. A wéi se sech e Wee sicht, sech lasszemaachen aus dem enke Corsage.

"Corsage" huet mat de schéine romantesche Biller aus de Romy-Schneider-Filmer näischt ze dinn - d'Vicky Krieps spillt hei kee jonkt Meedchen, dat sech an den éisterräicheschen Trounfolger verléift, mee eng Monarchin, déi hire 40te Gebuertsdag feiert an deemools schonn als al Fra gesi gëtt. Op Initiativ vum Vicky Krieps, déi sech mat der Biographie vun der Keeserin Elisabeth beschäftegt hat, huet d'éisterräichesch Regisseurin Marie Kreutzer en Dréibuch geschriwwen an deem se weist, wéi sech hei géint streng Reeglen, géint d'Bild vun der schéiner Fra, déi se ze sinn huet, ouni datt hir Meenung soss gefrot ass, gewiert gëtt. De Film zitt dann och Paralellen zu der Welt vun haut, wou ëmmer erëm d'Äusserlechkeete gehypt ginn, d'Visibilitéit, d'Bild dat iwwerall präsent ass. War d'Sisi deemools schonn dat éischt Affer vun dem Celebrity-Wahn, déi mer haut kennen, wéi d'Vicky Krieps seet? De Film léist sech dann och vun dem historesch Korrektem a baut zäitgenëssesch Elementer an: Gesten, déi nach kee kannt huet, Techniken, déi nach net kënnen do gewiescht sinn, Musek, déi vun haut ass, Gebaier vun deemools, déi haut delabréiert sinn. An en opent Enn - dat esou net beluecht ass. 

All dës Anachronismen maachen aus "Corsage" e fantastesche Film, deen Interpretatioun opléist, deen enk gestréckt ass an awer lass léisst. An alles liest sech am Gesiicht vun der Haaptactrice, déi wéineg Mimik a vill Ausdrock weist. 

E Sisi wéi bestëmmt och d'Romy Schneider et gär gewiescht wier.