Et ass déi éiweg Fro: kann e Film genau dat erëmspigelen, wat een an der Buchvirlag fonnt huet? Oder gëtt engem säi fiktiivt Bild dervun enttäuscht oder mécht de Film d'Geschicht besser? Alles dat passt bei de Film vun der Woch "Where the crawdads sing", deen op dem Welt-Bestseller-Roman vum Delia Owens baséiert. D'Christiane Kremer war e kucken.

10/09/2022 Film vun der Woch "Where the crawdads sing

North-Carolina an den 1960er Joren ... an der suppeger Marschlandschaft, wou Fauna a Flora sech wëll entfalen, gëtt d'Läich vun engem jonke Mann fonnt. Den Chase, talentéierte Footballspiller, staamt aus de bessere Kreesser aus der Stietchen Barkley Cove. Hie schéngt héich erofgefall ze sinn, mee ass et en Accident oder huet een nogehollef?Ganz séier gëtt d'Kya, dat jiddereen nëmmen Marschmeedchen nennt, verdächtegt, festgeholl an agespaart. Déi jonk Fra soll eng Relatioun mam Affer gehat hunn. A well d'Marschmeedchen ëmmer um Rand vun der Gesellschaft a mudderséileneleng an der wëller Natur gelieft an opgewuess ass, ass et fir déi meescht scho virveruerteelt.

D'Geschicht vum Kya geet dann och wäit zeréck. Als klengt Meedchen verléisst fir d'éischt d'Mamm, nodeems se vum Alkoholiker-Papp mësshandelt gouf, d'Famill. No an no verschwannen och d'Gesëschter, just dat Jéngst bleift mam Papp eleng, bis och deen op eemol net méi heemkënnt.

Ganz eleng probéiert et sech duerch d'Liewen ze schloen, entdeckt dobäi d'Schéinheete an d'Geheimnisser vun der Natur a verléift sech an den Tate, deen hatt endlech als Teenager liesen a schreiwe léiert. An da geet deen op de College. An d'Kya ass nees eleng.

Dës Literaturverfilmung - dat emol direkt - enttäuscht een net, wann een d'Buch virdru gelies huet. Et muss een et awer net als besser Preparatioun maachen, well d'Geschicht gëtt ganz gutt ëmgesat. Besonnesch déi herrlech Biller vun der Supp-Landschaft begeeschteen a beréieren een - heiansdo mengt een et géif ee se bal richen a spieren.

Et ass e luese Film mat Ënnertéin an en erzielt d'Geschicht ronderëm d'Kya op sensibel Manéier. De Sprong tëscht dem Geriichtssall an der Natur, tëscht dem haut an der Vergaangenheet vun der Haaptprotagonistin klappt gutt. Der Kritik ass de Film awer plazeweis ze no um Kitsch. An do ginn och Gefiller mat Biller zousätzlech opgepäppelt mat jonke Schauspiller, déi, mattsen an der Supp, wéi aus dem Katalog ausgesinn an och dem Taylor Swift säi Filmsong verstäerkt dës Impressioun.

Doriwwer eraus krut de Film, grad wéi d'Buch eng weider Polemik. Der Autorin a Biologin Delia Owens, déi eréischt mat 70 Joer dëse Roman geschriwwen huet, gëtt reprochéiert si hätt eng Affaire, déi ronderëm hire Mann, dee mat senger Famill an Afrika Elefante geschützt huet, gebraucht fir deem seng eventuell Schold bei engem Doudesfall ze relativéieren.

Et sief "Where the crawdads sing" ass e Film, deen een entschleunegen deet, deen engem Atmosphär gëtt an um Enn och eng gutt Geschicht erzielt.

"Where the crawdads sing" vum Olivia Newman mam Daisy Edgar-Jones an dem Taylor John Smith an den Haaptrollen leeft schonn zënter 3 Wochen am Kino.