Ënnert de neie Kinossortien dës Woch ass e sozialen Drama vun de belsche Gebridder Dardenne. Do der nieft sinn awer och en Amerikaneschen, Italieneschen an e Franséischen Drama nei an de Kinoen ze gesinn. De Loïc Tanson huet dës Produktiounen ënnert d'Lupp geholl.

21/09/2022 Nei Am Kino

TORI ET LOKITA vum Luc a Jean-Pierre Dardenne

TORI ET LOKITA ass de néie Film vun de Gebridder Dardenne. Genee wéi hir sëllegen aner priméiert Produktiounen spillt och dëse sozial engagéierte Drama sech an der Belsch of.  Hei gëtt d’Frëndschaft tëschent engem jonke Bouf an enger Teenagerin déi eleng aus Afrika ausgewandert sinn duerch déi schwéier Realiétit aus dem Alldag op d’Prouf gestalt.

DON’T WORRY DARLING vum Olivia Wilde mam Harry Styles

RTL

DON’T WORRY DARLING vun der Schauspillerin a Realisatrice Olivia Wilde erzielt d’Chronik vun enger isoléierter Communautéit an der Kalifornescher Wüst matten an de 50er Joeren. Enger Hausfrâ hiert Liewen gëtt hei op onerwaarte Manéier duerchernee bruecht wann si bis ufänkt Froen ze stellen. An den Haaptrollen sinn d’Florence Pugh an den Harry Styles ze gesinn.

LES ENFANTS DES AUTRES vum Rebecca Zlotowski mam Virginie Efira

RTL

LES ENFANTS DES AUTRES vum Rebecca Zlotowski setzt d’Virginie Efira  an der Haaptroll an Zeen. D’Efira spillt hei d’Rachel, eng passionéiert 40 Joer aal Léierin déi keng eege Kanner huet, an eng  ganz zefridden Existenz féiert. Wann si sech awer an den Ali verléift, këmmert si sech ëmmer méi ëm hirem Frënd säi 4 Joer aalt Meedchen, an dat obwuel si net seng Mam ass. E Risiko deen Rachel bereet ass anzegoen.  
 

FREAKS OUT vum Gabriele Mainetti mam Claudio Santamaria

RTL

An der italienescher Produktioun FREAKS OUT dréit alles sech ëm 4 ganz verschidde a ganz atypesch Mënschen , sougenannte “Freaks”, déi als Zirkusattraktioun optrieden.  Wann den Zirkusdirekter um Héigpunkt vum 2te Weltkrich verschwënnt sinn déi 4 "Freaks" matten a Roum op sech eleng gestalt.