E Familljefilm mat engem duerchdriwwene Krokodil, eng franséisch Komedie, e Bléck an Kulisse vun engem Gourmet Restaurant an e chineeseschen Drama lafen zënter Haut an de Kino uechter d'Land. De Loïc Tanson stellt iech déi eenzel Filmer fir.

LYLE, LYLE CROCODILE vum Will Speck, Josh Gordon mam Javier Bardem

De jonken Josh ass mat senger Famill op New York geplënnert, wou hien Schwieregkeeten huet fir sech nei Koleegen ze maachen. Um Späicher vu sengem neien Haus stéisst hien op en onerwaarten Acolyt, e Krokodil dee sängt a gäre Kaviar ësst. Ma hire Noper well dësen opdrängleche Krokodil awer sou séier et geet lassginn. LYLE, LYLE CROCODILE ass e Familljefilm mam Javier Bardem.

 

 

MASCARADE de Nicolas Bedos mam Pierre Niney

 

RTL

Am Nicolas Bedos senger sentimentaler Komedie MASCARADE verléift e jonke Gigolo sech an eng attraktiv Gaunerin. Zesummen wëllen si sech op der Côte d’Azur dat grousst Geld ergauneren an dat op Käschte vun enger fréierer Kinosvedette an engem Immobilienhändler. MASCARADE ass eng duerchdriwwe Komedie vum wuertgewante Nicolas Bedos.

 

BOILING POINT vum Philip Barantini mam Stephen Graham

RTL

« Magic Friday » ass de Freideg viru Chrëschtdag an deen Owend wou déi Meeschte Clienten an e renomméierte Gourmet Restaurant vu London Iesse kommen. An der Kiche vum Stäre Chef Andy Jones geet et héich hier well onerwaarte Problemer opdauchen an d’Erwaardungen vun de Gäscht ëmmer méi grouss ginn. BOILING POINT ass vum Philip Barantini realiséiert dee selwer laang an de Kiche vu Restauranten geschafft huet.

 

 

COMING HOME vum Zhang Yimou mam Gong Li

 

RTL

De Lu Yanshi ass e politesche Prisonéier deen um Enn vun der Kultureller Revolutioun Heem geschéckt gëtt. Doheem fënnt hien seng Frâ zeréck déi hien net méi erëm erkennt wëll si un Amnesie léit.  COMING HOME ass vum virtuose Realisateur Zhang Yimou realiséiert mam Gong Li an der Haaptroll.