2 Horrorfilmer, 1 Kannerfilm an en intensive präisgekréinten Drama lafen dës Woch nei an de Kinoen un. De Loïc Tanson stëllt iech déi nei Filmer fir.

02/11/2022 Nei am Kino

CLOSE vum Lukas Dhont mam Eden Dambrine

CLOSE vum belsche Realisateur Lukas Dhont huet um prestigiéise Festival vu Cannes dëst Joer de Grand Prix gewonnen. Héi geet et ëm dei 13 jähreg Léo a Rémi déi zënter klengem un Kolleege sinn. En ondenkbaart Evenement wäert déi 2 Frënn trennen sou datt de Léo versicht beim Rémi senger Mamm Trouscht an Zousproch ze fannen.

HUI BUH UND DAS HEXENSCHLOSS vum Sebastian Niemann mam Michael Bully Herbig

RTL

HUI BUH UND DAS HEXENSCHLOSS ass den 2te Familjefilm mam tollpatschege Gespenst gespillt vum Bully Herbig. No 500 Joer huet d’Gespenst Hui Buh et opginn Angscht anzejoen well et ëmmer schif geet. Wann di kleng Hex Ophelia hien awer ëm Hëlleft freet fir e magescht Buch vrun enger béiser Hex ze beschützen muss den Hui Buh déif an Trickkëscht gräifen fir endlech Angscht a Schrecken ze verbreeden.

THE INVITATION vum Jessica M. Thompson mam Nathalie Emmanuel

RTL

Am Horrorfilm THE INVITATION mecht d’Evie nom Doud vu senger Mamm en DNA Test fir gewuer ze ginn ob hat net nach Famill uechter d’Welt huet. Doropshin stéisst di jonk Fra op e Cousin deen si prompt op eng Hochzäit invitéiert. E Fest dat Ufanks ganz opwenneg a spannend schéngt ma lues a lues zum Albdram gëtt. Nathalie Emmanuel spillt d’Haaptroll an dësem bluddege Film vum Jessica M. Thompson.

 

PREY FOR THE DEVIL vum Daniel Stamm mam Jacqueline Byers

RTL

PREY FOR THE DEVIL ass en typeschen Exorzismus Film vum Daniel Stamm mam Jacqueline Byers. D’Schwëster Ann studéiert an enger geheimer Exorzismus Schoul Konscht vum Dämone Verdreiwen. Wann den Däiwel et awer op dem Ann seng Séil ofgesinn huet geet fir d’Schwëster eng Rees an déi traumatesch Verganhenheet un.