Den 2ten "Black Panther" Blockbuster leeft dës Woch nei an de Kinoen un, genee wéi 2 franséisch an een iranesche Film. De Loïc Tanson huet déi néi Film ënnert d'Lupp geholl.

09/11/2022 Nei am Kino

BLACK PANTHER: WAKANDA FOREVER vum Ryan Coogler mam Lupita Nyong’o

De Kinnek T’Challa lieft net méi. Nom Doud vum Acteur Chadwick Boseman am Joer 2020, kritt de bis ewell wuel interessantste Marvel Comic Held Black Panther awer eng laang erwaarte Suite. An dëser Suite kritt d’Kinnigin Ramonda et mat enger néier obskuerer Muecht ze dinn déi an den Déifte vum Ozean verweilen. BLACK PANTHER WAKANDA FOREVER ass genee wéi den éischten Deel aus dem Joer 2018 vum Ryan Coogler realiséiert.

VOUS N’AUREZ PAS MA HAINE vum Kilian Riedhof mam Pierre Deladonchamps

RTL

VOUS N’AUREZ PAS MA HAINE ass um autobiographesche Roman vum Antoine Leris baséiert. Hei geet ëm e jonke Papp dee mam Verloscht vu senger Liewenspartnerin muss eens ginn a seng Platz als eleng erzéiende Papp muss fannen, nodeems d’Mamm vu sengem Bouf an de Paräisser Attentater vum Bataclan ëm d’Liewe komm ass.

RODEO vum Lola Quivoron mam Julie Ledru

RTL

RODEO vum Lola Quivoron mam Julie Ledru erzielt d’Geschicht vum Julia dat begeeschtert ass vu Motorrieder. Hat trëtt als eenzegt Meedchen enger heemlecher Band vu Motocyclisten béi bis en Accident seng Positioun an dëser Grupp fragiliséiert.

 
LEILA’S BROTHERS vum Saeed Roustaee mam Taraneh Alidoosti

RTL

LEILA’S BROTHERS ass en iraneschen Drama vum Saeed Roustaee. Leila lieft fir seng Elteren a seng 4 Bridder. Duerch eng ekonomesche Kris bedéngt ass de Familljebetrib um Bord vun der Faillite an d’Leila well alles dru setzen fir seng Famill ze retten. Säi kranke Papp engagéiert sech gläichzäiteg dofir fir de néie Leader vun der persescher Communautéit ze ginn.