Eng lëtzebuergesch Co-Produktioun déi sech un e jonkt Publikum riicht, eng däitsch Komedie, e franséischen Drama an de neie Film vum Realisateur vun THE REVENANT a vu ROMA - dem Alejandro Iñárritu - lafen dës Woch néi an de Kinoen un. De Loïc Tanson stellt Iech déi nei Filmer vir.

16/11/2022 Nei Am Kino

BEANIE vum Slobodan Maksimović mam Frano Maskovic

Di slowenesch-Letzëbuergesch Co-Produktioun mam Titel BEANIE erzielt d’Geschicht vum Erik a vum Lucy déi aus ganz verschidden Familljen- a soziale Verhältnisser kommen. Alle béid hoffen si awer datt hir Wënsch ëm Chrëschtdag an Erfëllung ginn. Den Erik deen an engem Heem ass wéilt Hellegen Owend mat sengen Elteren verbréngen wärend deem d’Lucy sech eng kleng Schwëster an e Mupp wënscht. Zesummen wäerten si eng onvergiesslech Chrëschtzäit erliewen.

EINFACH MAL WAS SCHÖNES vum a mam Karoline Herfurth

RTL

EINFACH MAL WAS SCHÖNES ass en däitsche Film vum a mam Karoline Herfurth.  Si spillt hei, d’Karla, eng Radiosmoderatorin déi geschwënn 40 Joer kritt an déi onbedéngt well Mamm ginn. Well si awer net méi well op déi grouss Léift waarden entscheet si sech dofir eleng e Kand ze kréien. Eng Entscheedung déi seng ganz Famill absolut a guer net novollzéien kann.

LES AMANDIERS vum Valeria Bruni Tedeschi mam Louis Garrel

RTL

LES AMANDIERS ass vun der Actrice a Realisatrice Valeria Bruni Tedeschi geschriwwen a realiséiert. D’Geschicht ëm d’Stella, den Etienne an d’Adèle di versichen an eng renomméiert Schauspiller Schoul zu Nanterre eranzekommen spillt sech an den 80er Joren of. Zesummen erliewen si hier éischt grouss Erfolleger an Tragedien zugläich.

BARDO vum Alejandro González Iñárritu mam Daniel Giménez Cacho

RTL

BARDO ass de néien Drama vum Oscar Gewënner Alejandro Iñárritu. Hei dréit alles sech ëm de Silverio, e mexikanesche Journalist an Dokumentarist deen zu Los Angeles lieft. Um Wee fir a seng Heemescht wou hien fir säi Liewenswierk soll ausgezeechent ginn erlieft de Silverio eng terribel existenziell Kris wou seng Ängschten, seng Souveniren a seng Dreem sech matenee vermëschen.