2020 ass den Acteur Chadwick Boseman deen zwee Joer virdrun am Kostüm vum Marvel Comic Held Black Panther weltbekannt gouf verstuerwen. Trotzdeem krut och de wuel interessantste Marvel Held eng Suite an de Kinoen déi awer ganz am Zeechen vum Hommage un den allsäits beléifte Boseman ass. De Loïc Tanson war sech de WAKANDA FOREVER ukucken.

BLACK PANTHER: WAKANDA FOREVER VUM RYAN COOGLER

De Kinnek T’Challa ass net méi.Trotz all de Beméiunge vu senger Schwëster fir hien vrun enger seelener Häerzkrankheet ze retten ass de Black Panther gestuerwen. Seng Mamm D’Kinnigin Ramonda, a seng jonk Schwester Prinzessin Shuri versichen den Doud vum T’Challa ze verschaffen, ma eng nei néi obskuer Muecht déi an den Déifte vum Ozean verweilt wäert de Weltfridden op d’Spill setzen an am Shuri onerwaarten Gefiller vun Has a Revanche ausléisen.

Den éischte Black Panther Film aus dem Joer 2018 war wuel den aussokräftegste Marvel Film deen Joerhonnerte vu Kolonialismus an déi kapitalistesch Exploitatioun vun de natierleche Ressource an Afrika op Käschten vu ganzen enheemeschen Zivilisatiounen op ënnerhalend Manéier veruerdeelt huet. 4 Joer méi spéit sinn déi selwecht Themen ëm d’Iwwermuecht vun de globale Superpowers nach ëmmer aktuell a present.

WAKANDA FOREVER ass awer virun allem e respektvollen Hommage un de verstuerwenen Acteur Chadwick Boseman. Net nëmmen a senger ganz beréierender Introduktioun genee wéi am Epilog gëtt d’Erënnerung un de Boseman geéiert. Ma seng Presenz ass uechter de ganze Film spierbar.

WAKANDA FOREVER ass en Actionfilm mat fantasteschen an epesche Krichszeenen an deem d’Geschicht an Dréibuch nawell dënn gestréckt sinn, ma wou d’Actrice Letitia Wright dem Superheld Black Panther eng nei a staark Dimensioun gëtt.