Enn November ass traditionell déi Zäit am Joer wou e neien Disney Animatiounsfilm op de grousse Kinosecranen erauskënnt. Zënter Gëschter leeft mat STRANGE WORLD dann och nees eng fantastesch Rees fir grouss a kleng an de Kinoen uechter d'Land. De Loïc Tanson mam Kinotipp.

Film vun der Woch: STRANGE WORLD vum Don Hall, Qui Nguyen

De Searcher Cade ass e Bauer dee virun 25 Joer op enger Expeditioun souwuel säi Pap verluer huet wei eng seele Planz entdeckt huet. Dës Planz huet iwwert Joren ewech seng ganz Heemescht mat Energie kennen alimentéieren nodeems hien se a grousse Mengen ugeplanzt huet.

Wann dës Energiequell awer duerch eng onerklärlecher Krankheet riskéiert auszestierwen muss de Searcher sech nees op d‘Spuere vu senger Vergaangenheet maachen.

STRANGE WORLD ass e fantasteschen Aventure Film fir déi ganz Famill. Dës ekologesch Fabel ass total am Aklang mat onser Zäit. Nohalteg Energie steet hei genee esou am Mëttelpunkt wei dat friddlecht Zesummeliewen vun all de verschiddenste Kreaturen op dëser aussergewéinlecher Welt.

Gekoppelt mat enger méi perséinlecher Geschicht wou alles sech em déi egoistesch Erwaardungen vun engem Papp sengem Jong géigeniwwer dréit, ass STRANGE WORLD eng matrappend, spannend an emotional Rees. Op der Kräizung um Jules Verne an dem Hayao Miyazaki hire Wierker ass STRANGE WORLD en exzellenten a visuell erstaunlechen Disney Animatiounsfilm.