Di éischt Lëtzebuergesch Romantesch Komedie, e Kannerfilm deen hei am Land co-produzéiert gouf, eng Komedie déi ganz am Zeeche vun de Chrëschtdeeg steet, an e franséische Gerichtsdrama lafen dës Woch ënnert anerem néi an de Kino un. De Loïc Tanson huet sech déi nei Filmer ënnert d'Lupp geholl.

30/11/2022 Nei am Kino

ZERÉCK vum Frédéric Zeimet mam Dorothée Neff, Konstantin Rommelfangen

RTL

Aus ganz verschidde Grënn mussen d'Camille an den Thomas zeréck an hiren Hotel no engem laangen Owend. Et ass scho spéit an och wann si sech guer net kënne leiden, entscheeden si sech de Wee zesummen ze maachen duerch eng eidel Stad... ass dëst d'Geleeënheet al Wonnen ze heelen? ZERÉCK ass e Lëtzebuerger Film dee vu SixLetters produzéiert gouf a vum Frédéric Zeimet geschriwwen a realiséiert gouf.

ERIK STONEHEART vum Ilmar Raag mam Johan Ulfsak

RTL

ERIK STONEHEART ass eng Lëtzebuergesch Co-Produktioun déi ënnert anerem an enger doubléierter Versioun op lëtzebuergesch an de Kinoe leeft.  Hei geet et ëm den 11 Joer alen Erik deen iwwerzeegt dovunner ass en Häerz aus Steen ze hunn. Géint säi Wëllen fënnt hien sech op enger fantastescher Rees an enger mysteriéis Welt zeréck wou hien gewuer gëtt wat Frëndschaft bedeit.

VIOLENT NIGHT vum Tommy Wirkola mam David Harbour

RTL

VIOLENT NIGHT ass eng bluddesch Actionkomedie wou den Titel Programm ass. Op Hellegen Owend hëlt eng Band vu Söldner eng räich Famill an hirem eegenem Haus als Geisel. Si haten awer keng Sekonn domat gerechent dat grad de Kleeschen hinnen géing e Stréch duerch d’Rechnung maachen.

SAINT OMER VUM Alice Diop mam Kayije Kagame

RTL

SAINT-OMER ass déi offiziell franséisch Produktioun déi an d’Course ëm d’Oscaren am Joer 2023 wäert goen. Am Mëttelpunkt vun dësem Drama vum Alice Diop steet d’Rama, eng jonk Schrëftstellerin déi um Prozess vum Laurence Coly zu Saint-Omer Deel hëlt. D’Laurence Coly gëtt beschëllegt hier 15 Méint al Duechter ëmbruecht ze hunn an deems si de Puppelchen op enger verloossener Plage  ausgesat huet. Am Laf vum Prozess an de verschiddenen Temoignagen gëtt de Jugement vun all de Léit déi am Geriichtssall sinn op d’Prouf gestalt.