D'Famill steet am Mëttelpunkt vun 3 Filmer déi nieft engem actionräichen Animatiounsfilm dës Woch nei an de Kinoen ulafen. De Loïc Tanson huet eng japanesch, zwou amerikanesch an eng franséisch Produktioun ënnert d'Lupp geholl.

07/12/2022 Nei am Kino

 
MAESTRO(S) vum Bruno Chiche mam Yvan Attal

Am MAESTRO(S) steet déi klassesch Musek am Mëttelpunkt. De Pierre Arditi an den Yvan Attal spillen hei Papp a Jong, déi alle béid international Karriären als Dirigent hunn. Wann dem François säi gréissten Dram an Erfëllung geet, an zwar zu Mailand d’Scala ze dirigéieren, ass säi Jong begeeschtert, bis hien erausfënnt datt net säi Papp ma hien u sech auserwielt gouf fir zu Mailand opzetrieden.

 

BROKER vum Hirokazu Kore-eda mam Song Kang-Ho

RTL

BROKER ass de néien intimen Drama vum japanesche Realisateur Hirokazu Kore-eda deen a senger Filmographie Thematiken ëm d’Familljeproblemer ëmmer nees op ganz sensibel Manéier upäkt. Hei geet et ëm e Puppelchen dee vu senger Mamm ausgesat gouf  an dee vun 2 Männer déi alles dru setzen him eng nei Famill ze fannen opgeholl gëtt. Wärend engem onerwaarte Roadtrip uechter d’Land gëtt d’Schicksal vun all deenen déi de Puppelche begéinen déifgrënneg verännert.

 

WHITE NOISE vum Noah Baumbach mam Adam Driver

RTL

WHITE NOISE ass eng Adaptatioun vum Don DeLillo sengem homonyme Buch. Dës Verfilmung vum Noah Baumbach zeechent de Portrait vun enger typescher amerikanescher Famill op der Sich nom Gléck an hirem Liewen.

 

PUSS IN BOOTS: THE LAST WISH vum Januel P. Mercado, Joel Crawford

 

RTL

PUSS IN BOOTS ass e Personnage dee säin Debut um groussen Ecran an der Saga vun de SHREK Animatiounsfilmer ginn huet. Mat THE LAST WISH kritt de PUSS IN BOOTS säin zweete Film no 2011. De Kueder mat de groussen Aen ass matten an enger existenzieller Kris. Hien huet 8 vu senge 9 Liewe opgebraucht an ass op der Sich no engem legendäre Stär deen him all seng Liewe soll zeréck ginn.