
© Pyramide Films
Wiem et dëse Weekend ze kal sollt sinn, fir eraus an d’Natur ze goen, ka sech awer am Kino naturverbonne fillen. Muss awer net noutgedrongen den neien Avatar-Film kucke goen. Am Ciné Utopia kann een an d’Bierger goen. Fir de Film Le otto montagne ‒ op lëtzebuergesch „déi aacht Bierger“, deen den Tom Dockal eis elo als Film vun der Woch virstellt.
De Film a säi Titel sinn italieenesch, seng Realisateure si belsch an d’Bierger aus dem Titel si nepaleesesch. Kléngt komplizéiert, ass et awer net weider.
De Felix van Groeningen ‒ de Filmemaacher hannert La merditude des choses, Belgica a Beautiful Boy. Hien huet sech mat der Zenaristin ‒ d’ailleurs och seng Liewenspartnerin ‒ de Regiestull gedeelt fir dëse Film, d’Adaptatioun vum Paolo Cognetti sengem Buch mam nämmlechten Titel. Erzielt gëtt d’Geschicht vun zwee Bouwen an hirer Frëndschaft am Laf vun de Joren. Bis wäit an den Erwuessenenalter eran. An dobäi kéinten déi zwee net méi verschidde sinn. De Pietro ass e Stadjong, dee mat sengen Elteren Turin verléisst, fir an den Alpen de Summer ze verbréngen. Quasi am Schied vum Montblanc an dem Matterhorn. Do begéint hien de Bruno, dat lescht Biergkand aus dem Duerf, an zu zwee maachen se d’Bierger onsécher. Se si méi ewéi zwee Kolleegen, soul mates, trotz hire Backgrounds. De Papp vun deem enge mécht awer e fatale Feeler an trennt déi zwee Bouwe vunenaner, ouni datt déi zwee et wollten. Mee d’Frëndschaft bleift méi staark.

© Pyramide Films
Le otto montagne hat seng Première dëst Joer an der Kompetitioun zu Cannes an huet sech ënnert der Presidence vum Vincent Lyndon duerfe mam Skolimowski de Jury-Präis deelen. Datt de Van Groeningen ‒ an och elo seng partner in crime Charlotte Vandermeersch ‒ d’flammännesch Landschaften hannert sech wollt loossen, huet Beautiful Boy bewisen. Mee Le otto montagne ass nach en anere Level. Wann ee soss näischt um Film sollt gären hunn, dann op d’mannst dem Ruben Impens seng wonnerschéi Kamera-Aarbecht. Et kritt ee wierklech de Sënn dovunner, ewéi e butzege Fleck een ass am grousse Kontext ‒ dëse Kontext, deen hei an dësem Fall d’Alpen an den Himalaya ass. Dat eenzegt, wat zielt, ass d’Matenaner mat senge Matmënschen an d’Frëndschaft. Le otto montagne ass virop eng Kontemplatioun vu Frëndschaft tëschent zwee Männer, déi sech Zäit hëlt. Vill Zäit hëlt. Zwou an eng hallef Stonne laang. Nach ëmmer eng hallef Stonn manner laang ewéi Avatar, mee quand-même. De Luca Marinello an den Alessandro Borghi ginn déi zwee erwuesse Frënn an et kritt een eng faassbar Notioun vun hirer Relatioun zouenaner. An et gëtt vill ze kucken, mee iergendwann dréit sech de ganze Buttek eng Grimmel am Krees, an et geet näischt virun. Virop och um psychologesche Level ‒ wat schued ass.

© Pyramide Films