De ganzen Dezember iwwer sinn d'Press an d'Leit amgaangen d'Joer Revue passéieren ze loossen. Alles a jiddereen huet scho Beschtelëschten zesummegedroen, ma dobäi hält d'Filmjoer bis zum Schluss kléng Iwwerraschungen op. Esou gesäit et den Tom Dockal emol. Tout just virum Joresenn presentéiert hien nach e klénge Bijou als Film vun der Woch, dee säit e puer Deeg am Ciné Utopia ze gesinn ass. Falcon Lake vun der Realisatrice Charlotte Le Bon.

311222 Film vun der Woch FALCON LAKE 9h10

Aus wat fir enge Grënn och ëmmer decidéiert een sech op engem Filmfestival fir ee Film an net fir een aneren. Déi Programmer sinn esou vaste, dat een dat muss maachen, soss géif ee komplett den Norde verléieren. Esou ass zum Beispill och d'Regiedebut vun der Actrice Charlotte Le Bon leie bliwwen. Mee gutt, dat een dësen Titel aus der Quinzaine vu Cannes am Mee elo am Dezember kann nohuelen.

Fir hir éischt Realisatioun huet sech d'Charlotte Le Bon un eng bande dessiné vum Auteur Bastien Vivès. Erzielt gëtt an deem Buch vum Frühlingserwachen vum Bastien, engem, ewéi hie selwer seet, "bal véierzéng Joer" Jonke. Am Buch ass hie mat senger Famill am Summer an der Bretagne an der Vakanz a léiert do dat 16-järegt Cloé kennen. Zwee Joer sinn an deem Alter en Ënnerscheed, dee kaum ze ignoréieren ass. An awer. D'Cloé an de Bastien gi virsiichteg Kolleegen.

Déi gebierteg Kanadierin Le Bon huet de Setting vun der Geschicht an hir Heemecht, an de Québec an de Bësch an un e mysteriéise Séi transposéiert, wäit ewech vum bretoneschen atlantesche Mier. Et wier einfach ze soen, d'Realisatrice hätt sech een hir - esou zimmlech jidderengem säin d'ailleurs - bekannte Sujet ausgewielt an deen an een hir bekannte Setting gesat. Mee Falcon Lake ass eng iwwerraschend assuréiert Affär. Ugefaange beim Séi aus dem Titel an der Bëschlandschaft ronderëm. D'Le Bon mécht dorausser e Lieu, deen zwar schéin a paisibel ass, deen awer genau esou gutt fuerchtbar Angscht ka maachen. Sief et, dat et am Bësch däischter ass, sief et, dat een am Séi-schwammend net op de Buedem gesäit. Esou geet et och dem Bastien a Relatioun zu sengem Alter, den entre guillemets "Meedercher", respektiv deem méi ale Cloé an iwwerhaapt allem. Op 16mm vum Kameramann Kristof Brandl agefaange kritt dat Ganzt den Uschäi vun engem Horrorfilm aus de 70er. Et gëtt zwar vu Geeschter geschwat, mee vläicht daucht kee Geescht op. An awer: d'Pubertéit huet ëmmer nees eppes vun engem Horrorfilm. A beim Bastien ass et nach anescht. Hien ass an deem ganz komeschen Alter - kee Kand, mee och kee Jugendleche wierklech. De grousse Plus ass déi Natierlechkeet tëscht de béide jonke Schauspiller, déi sech hannert dem Cloé an dem Bastien verstoppen. Falcon Lake ass e ganz douce Portrait vun opkeimender Jugend, Gefiller, Onsécherheeten a Sexualitéit a mat enger Touche Genre-Kino. Falcon Lake ass e richtege Bijou vun engem Debutfilm an et hätt een all Interêt, d'Realisatrice um Radar ze halen.